De Virgänger vum Xavier Bettel, de momentanen EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet dem Premier Xavier Bettel perséinlech felicitéiert.

Den neien an ale Staatsminister Xavier Bettel krut Gléckwënsch vu Bréissel geschéckt, dat vu sengem Virgänger, dem Jean-Claude Juncker.

Gratuléiert gëtt souwuel am Numm vum Kommissiouns-Chef ewéi och am perséinlechen Numm vum Jean-Claude Juncker.

Mat Bic gouf op der Hand "Cher Xavier" geschriwwen. Dernieft schreift de Kommissiounschef, datt hie sech sécher wier, datt Lëtzebuerger säi Beitrag géing leeschte fir Europa no vir ze bréngen.