Wat leeft, wann d'Kamera net leeft. Wa Politiker virun enger Table Ronde ënnertenee schwätzen.

Dat sinn déi Gespréicher, déi een normalerweis net matkritt. A genee dat wäert sech e Sonndeg änneren. An eiser Serie "routwäissgro" huele mir Iech mat hanner d'Kulisse vun der RTL-Noriichteredaktioun. D'Kollege goufe wärend dem Walkampf an der Walsoirée vun enger Kameraekipp begleet.

Dobäi eraus koume ganz déif Ablécker an d'Aarbecht vun de Journalisten a wéi d'Politiker sou sinn, wann d'Kamera eben eigentlech net leeft.

Mir hunn am Virfeld mam Realisateur Loïc Tanson iwwert dëse méi speziellen Documentaire geschwat.

E Sonndeg den Owend kënnt dir dësen Documentaire da live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu kucken.