En Donneschdeg gouf tëscht 1 Auer nuets an 13 Auer e Range Rover mat der Plackennummer YL4398 virun engem Haus geklaut.

Den Auto war mam Keyless-System equipéiert. An deem Zesummenhang erënnert d'Police nach emol drun,

- dass ee seng Schlësselen net an der Géigend vum Entréesberäich vu senger Wunneng soll leie loossen.
- dass een de Schlëssel an engem ofgeschiermte Schlësselschaf soll néier leeën, wou Funkwellen net duerch kommen
- dass een de Schlëssel och kann an Alufolie awéckelen, fir d'Signal ofzeschwächen. Dat ass awer keen 100%ege Schutz
- dass een den Auto wa méiglech an d'Garage stelle soll.

VIDEO: Keyless Autoen ëmmer méi geklaut (Reportage vum 23. November 2018)
Aktuell ginn a ganz Europa an och zu Lëtzebuerg ëmmer méi Ween mat dem "keyless" System geklaut.