D'Staatsbeamtegewerkschaft huet sech e Méindeg den Owend op der Conférence des comités gesinn, fir iwwert verschidde Problemer ze diskutéieren.

"Déi Regierung an dee Minister, déi sech engagéieren, eng Politik ze maachen am Interêt vum Land, awer och am Sënn an am Intressi vun der Fonction publique, am Sënn vun alle Leit, déi bei Staat a Gemenge schaffen, déi - awer och nëmmen déi - kënne sécher sinn, d'CGFP, grad wéi an der Vergaangenheet, och an Zukunft un hirer Säit ze hunn, als zouverlässegen a verantwortungsbewosste Sozialpartner."

AUDIO: CGFP Conférence des comités - Reportage Dany Rasqué

Dee Message huet de Generalsekretär vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Steve Heiliger, op der 52. Conférence des comités un d'Politik adresséiert.

Och wann d'CGFP vill Positives aus de leschte Méint zeréckbehält, ginn et eng Rei Dossieren, mat deenen een net zefridden ass.
Den Nationalpresident vun der Staatsbeamtegewerkschaft, de Romain Wolff, huet do zum Beispill d'Spuerkeess an d'Post genannt.

Bei der Spuerkeess gëtt jo kritiséiert, datt d'Mataarbechter vun der Staatsbank net géifen an de Genoss kommen, vun deem, wat am Gehälteraccord ofgemeet ginn ass.

Obwuel d'Spuerkeess seet, datt si sech an de Verhandlungen enorm beweegt hätten, seet de Romain Wolff, datt hien an de Reuniounen dobäi war an dëst net de Fall wier. "Si sollen ophalen mat esou Fake-News, dat ass net gutt fir eng Regierung an och net gutt fir eng Direktioun".

Extrait Romain Wolff
Déi traditionell Reunioun vu der Staatsbeamtegewerkschaft befaasst sech natierlech mam Koalitiounsaccord, mä net nëmmen.

Bei der Post, ass et der CGFP en Dar am Aen, datt d'Bréifdréier Iwwerstonne musse maachen an d'Clienten hire Courrier op verschiddenen Deeg einfach guer net kréien, well ganz Tourneeë géife leiebleiwen.

Den Haaptaktionär bei der Post, dat ass de Staat, soll endlech dofir suergen, datt dës onzefriddestellend Situatioun zum Wuel vun de Bréifdréier - a mat Sécherheet och am Intressi vun de Bierger- verbessert gëtt, esou de Romain Wolff.

Da goung et awer och ëm d'Situatioun beim Radio 100,7, ëm déi allgemeng Erwaardungen un déi nei Regierung, ëm de Renten a Pensiounssystem, wou d'CGFP keen Handlungsbedarf gesäit an ëm de Bewäertungssystem beim Staat. Dee soll, wann et der Gewerkschaft no geet- an der ganzer Fonction publique verschwannen.

Als Rappell

Sinn d'Staatsbeamten, déi op Schichte respektiv sonndes schaffen, zanter der Aféierung vun den Zäitspuerkonten an der Illegalitéit? Déi Thematik huet virun enger Woch de President vun der Policegewerkschaft bei eis op der Antenn opgeworf.

De President vun der SNPGL Pascal Riquier hat d'lescht Woch am RTL-Interview kritiséiert, datt d'Polizisten duerch d'Aféierung vum Compte-épargne-temps an der neier Aarbechtszäitreegel, déi dru gekoppelt ass an op enger EU-Direktiv baséiert, a punkto Iwwerstonne vill méi limitéiert sinn an op Basis vum Staatsbeamtestatut reng theoretesch mol net nuets oder sonndes schaffen dierften. Ausname kënnen an engem Règlement grand-ducal gereegelt ginn, ma sou e Reglement gëtt et awer net oder nach net. D'Aarbechtszäitkonten applizéiere sech zanter dem 1. Oktober fir déi ganz Fonction publique an et gëtt an den allermeeschte Fäll och kee Problem. An deene Beräicher a Verwaltungen, an deenen op Schichte geschafft gëtt, muss awer no spezifesche Léisunge gesicht ginn, dat wësse se och bei der CGFP.

D'SNPGL huet eisen Informatiounen no bis ewell als Eenzegen d'Gespréich mat der Policedirektioun gesicht, fir zesummen Derogatioune fir d'Polizisten auszeschaffen. Mat um Dësch soll och e Jurist vun der Staatsbeamtegewerkschaft sëtzen. Ma och wa bei der Police eng Léisung fonnt gëtt, wäert déi sech net automatesch kënnen zum Beispill fir d'Douanieren applizéieren.

D'CGFP wëll elo uganks des Joers eng Analys mat all de concernéierten Acteure maache fir ze kucken, a wéi enge Beräicher iwwerall Derogatiounen néideg sinn. Do kënnege sech also nach sou munch Verhandlungen un.

De 27. November war et op engem Protestpiquet nach emol den Appell un d'Regierung, d'Reform vun der Fonction publique och bei der Bank ëmzesetzen. Et geet ëm eng 1.000 Leit déi, der Gewerkschaft no, net adequat an hirer Carrière weiderkomm sinn. De Protestpiquet soll en éischte Warnschoss gewiescht sinn.