Iwwerdeems sech den Tram lues awer sécher Richtung Stater Gare duerchschafft, huet och op der Stater Gare e gréissere Chantier ugefaangen.

Zwee Quaie mat 4 Gleiser komme bäi, sou datt an Zukunft déi vill Zich, déi ukomme besser verdeelt kënne ginn. Mam Ziel natierlech méi pünktlech ze sinn.

All Dag passéieren eng 1000 Zich d'Stater Gare. 70 Dausend Passagéier gi pro Dag vun der Lëtzebuerger Eisebunn transportéiert. Dës Extensioun ass wichteg fir de ganzen Transport méi flësseg ze kréien.

2024 sollen d'Aus- an d'Ëmbauaarbechten ofgeschloss sinn. De Käschtepunkt läit hei bei ronn 171 Milliounen Euro.