Wéi d'Police mellt, géif beim Onglécklechen awer keng Liewensgefor bestoen.

Et gouf en Tëschefall e Samschdeg de Moie géint 10 op enger Klappjuegd bei Tratten.

E Kläpper gouf ugeschoss an um Hënneschte verwonnt. Et besteet awer keng Liewesgefor.

De Parquet huet den Erkennungsdéngscht vun der Police judiciaire mat der Analyse befaasst.