Nodeems d'Chamber vollstänneg ass an all Deputéiert vereedegt goufen, sinn och déi 25 Kommissioune constituéiert a kënne schaffen.

En Dënschdeg kommen ewell zwou Kommissioune beieneen. Interessant ass zum Beispill en Donneschdeg d'Petitioun-Kommissioun, déi ënnert der neier Presidentin Nancy Kemp-Arendt beieneekënnt, well hei net manner wéi 29 Demandë fir eng ëffentlech Petitioun tranchéiert gëtt.

Doranner si Petitioun-Ufroen wéi d'Fuerderung vum Verbuet vun der Juegd, d'Aféiere vu Schouluniformen, de Verbuet vu Kaffi-Kapselen, de Stopp vum Uno-Migratiounsaccord oder och d'Recht, datt Jonggeselle kënne Kanner adoptéieren. Iwwer all dës Demandë gëtt en Donneschdeg tranchéiert.

4 Petitioune goufen als "net-ëffentlech" eragereecht, dorënner d'Educatioun iwwert e kritesche Geescht am Schoulesche vis-a-vis vu Fake News an iwwert d'Aféiere vun engem spezielle Congé fir Kranker, déi e reegelméissege medezineschen Traitement brauchen.

En Dënschdeg am Nomëtteg iwwerdeem kënnt d'Chamber och fir eng weider ëffentlech Sëtzung an dëser Legislaturperiod beieneen. Dës Kéier "au grand complet" an ënnert der neier Presidence vum Fernand Etgen: en Dënschdeg am Nomëtteg ass et d'Regierungsdeklaratioun vum Staatsminister Xavier Bettel.

Vu 14.30 Auer u kënnt Dir dat dann och am Livestream op RTL.lu suivéieren, parallel offréiere mir och ee Liveticker vun der Ried. Highlights vum Discours vum Premier an éischt politesch Reaktioune ginn et an den Owes-Journalle vun RTL Télé Lëtzebuerg a Radio.