Volle Sall zu Hesper am neie Centre Multifonctionnel Celo, wou d'CSV - Bezierk Zentrum zesummekomm ass, fir eng nei Leedung ze bestëmmen.

En neie President an en neie Bezierkskomitee goufe gesicht. 2 Kandidate stoungen zur Wiel, fir dem Diane Adehm seng Successioun als Presidentin ze iwwerhuelen.

Zur Wiel stoungen d'Buergermeeschtesch vun der Fiels, déi 38 Joer al Natalie Silva an den 42 Joer ale Mierscher Schäffen Abby Toussaint. Béid Kandidaten hu vun enger noutwendeger Erneierung vun der Partei geschwat.

D'Natalie Silva, wat um Méindeg de moien operéiert gouf a net do war, gouf däitlech mat 121 Stëmme géint 79 fir den Toussaint gewielt. 202 Delegéiert hu gestëmmt mat 2 Vote blanc, dat heescht 200 Votten.

Natierlech gouf och an all de Rieden d’Walnéierlag ugeschwat, deels mat klorer Kritik un der Regierung. De Spëtzekandidat Claude Wiseler huet fir säin Deel awer nees komplett d’Responsabilitéit fir d’Aart a Weis geholl, wéi d’Campagne gefouert gouf an och eng Analys gemaach iwwert d’Ursaache vum Echec.

Komplex Messagë wiere schwiereg eriwwerbréngen, vill Wieler wieren och manner um Wuel vun der Allgemengheet wéi dem eegenen interesséiert an d’Partei hätt sech net genuch opgemaach, net de Jonken vis-a-vis, mee si wier och net genuch op auslännesch Communautéiten, virop déi Portugisesch, duergaangen.

Um Dënschdeg ass zu Kielen de Kongress vum Südbezierk.