“De Programm ass méi, wéi e Kompromëss tëscht 3 Parteien, et ass ee staarkt Stéck Eisen aus engem Goss”, sot de Premier a senger Regierungserklärung.

Dem Xavier Bettel no wier de Programm vun der Legislaturperiod 2018 bis 2023 ee vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohäsioun a vun der Kompetitivitéit.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel: Programm

Nei Annonce goufen et keng, mä Erklärungen an e puer Präzisiounen. Esou beispillsweis, firwat den 9. Mee, fir den Europadag, en neie legale Feierdag agefouert gëtt a jiddereen, oder bal jidderee fräi kritt. Den Dag ass et wäert, fir sech méi domadder ze beschäftegen, wat et bedeit, fir en Deel vun enger Völkergemeinschaft ze sinn. Eis Generatiounen hunn nach kee Krich erlieft an eleng dat ass et wäert, fir eng Iddi wéi Europa héich ze halen.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel: Europadag

Am éischten Deel vu senger Ried ass hien op d’Mobilitéit agaangen. Hei géing et kee Wonnermëttel ginn, mä et wier en Zesummespill vu villen Elementer. De Xavier Bettel huet hei betount, datt d’Investissementer an d’Transportinfrastrukturen déi nächst Joren an d’Luucht ginn.

Op zweeter Plaz vum Discours vum Staatsminister louch de Logement. Och hei géing et kee Wonnermëttel. D’Koalitiounsparteie wiere sech awer Eens, datt d’Leit, déi Schwieregkeeten hunn, nach méi missten ënnerstëtzt ginn. An den nächste 5 Joer géing awer och d’Offer weider an d’Luucht gesat ginn.

Fir déi kleng a Mëttelbetriber méi ze ënnerstëtzen, gëtt d’Tranche vun de Beneficer, déi maximal zu 15% besteiert ginn, erweidert vu 25.000 op 175.000 Euro Benefice. Dat huet de Premier Xavier Bettel den Dënschdeg de Mëtten an der Chamber ënnerstrach.

Punkto Educatioun huet de Xavier Bettel e "Bildungsdësch" ugekënnegt: déi nächst Jore solle sech all d’Acteuren zesummesetzen, fir eng "Nei Gouvernance am der Schoulpolitik" ze decidéieren. Hei wiere Vertrieder aus dem pädagogesche Beräich, Enseignanten, Schüler, Elteren, Gewerkschaften an Zivilgesellschaft" beieneen.

AUDIO: Extrait Xavier Bettel: Educatioun

Um Niveau vun der Mobilitéit a vum Logement wëll d’Regierung déi nächst 5 Joer do weiderfueren, wou se opgehalen huet. Dat heescht d’Investissementer an Transportinfrastrukturen an d’Offer u Wunnenge weider an d’Luucht schrauwen.

Fir Leit, déi Schwieregkeeten hunn, all Mount hir Dokteschrechnungen ze bezuelen, kéint eng Kaart agefouert ginn, mat där de Patient bezuele kann, mä just dem Patient säin Deel debitéiert gëtt. Dat huet de Premier Xavier Bettel en Dënschdeg de Mëtteg a senger Regierungserklärung präziséiert. Am Koalitiounsaccord vun DP, LSAP an déi Gréng gëtt scho vun engem elektronesche System geschwat, fir d’Remboursementer direkt ze maachen.

Mat Hëllef vun der Säit Wordclouds.com kann een analyséieren, wéi eng Wierder wéi dacks an engem Text virkommen. Déi ginn dann an enger "Wollek" duergestallt, wat méi grouss geschriwwen, wat d'Wuert méi dacks opgetaucht ass. Hei dann d'Wordcloud vun der Ried vum Xavier Bettel.

De Staatsminister huet eng vun de Froen antizipéiert, déi um Mëttwoch sécherlech vun der Oppositioun wäert an der Debatt lancéiert ginn, déi vum Finanzement vun de Projete vun der Dräier-Koalitioun. Et wier eng Fro, där Ee sech bewosst wier. D'Previsioune louchen dann och dernieft, wat d'Staatsfinanzen ugeet, et stéing een elo besser do, sou de Xavier Bettel.

Am Budget fir dëst Joer war e Plus bei der Administration publique vun engen 330 Millioune virgesi gewiescht, dës Zomm géif sech elo awer op bal eng eng Milliard chiffréieren.

Ähnlech positiv Entwécklung och beim Zentralstaat, wou den Defizit vun ënner 350 Millioune fir dëst Joer erwaart gëtt. Dëst mécht en Drëttel vun deem aus, wat sech erwaart gi war.

All Dëst huet de Staatsminister als eng Politik am Interessi vun de Leit an de Bierger bezeechent, allemol kréiche Leit, déi sech net esou gutt do stinn, méi Kafkraaft. D'Politik vun der Koalitioun wier deemno eng éiergäizeg, déi markéiert wier vum intensivem Asaz fir d'Zukunft vum Land.

Graff resuméiert wier de Regierungsprogramm ee vun der Wäitsiicht, der Gerechtegkeet, der Nohaltegkeet, der sozialer Kohäsioun a vun der Kompetitivitéit.

LIVETICKER

[widget type="liveticker" ticker="cat_live_11122018"]

E Mëttwoch de ganzen Dag iwwer kënnen d'Deputéiert um Premier seng Regierungsdeklaratioun reagéieren.

Nodeems d'Chamber komplett ass an all Deputéiert vereedegt goufen, sinn och déi 25 Kommissioune constituéiert. Um Dënschdeg komme schonn zwou Kommissioune beieneen, ënnert anerem d'Aarbechtskommissioun, an där et ëm déi geplangten Hausse vum Mindestloun geet.

Donieft kënnt och d'Finanz- a Budgetskommissioun beieneen.

Fir e Mëttwoch steet eng Reunioun vun der Familljen- an Integratiounskommissioun um Programm.

En Donneschdeg gesäit sech eng éischte Kéier d'Petitiounskommissioun, ënnert hirer neier Presidentin der CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt.