E Mëttwoch de ganzen Dag iwwer hunn d'Deputéiert op dem Premier seng Regierungsdeklaratioun vum Dënschdeg reagéiert.

An der Chamber haten d'Parteien d'Wuert, fir op de Koalitiounsaccord ze reagéieren.

AUDIO: Chamber-Debatten/Reportage François Aulner
AUDIO: Oppostioun net d'accord mam Accord: Rep. Nadine Gautier

Fir déi gréissten Oppositiounspartei CSV hat d’Martine Hansen d’Wuert ergraff. Ier d’Fraktiounscheffin op de Koalitiounsaccord ze schwätze koum, huet si kloer gemaach, firwat d’CSV déi nächst 5 Joer géif stoen.

CSV: "Schéiwiederpak mat politeschem Vide"
D'Martine Hansen vun der gréisster Oppositiounspartei huet kee gutt Hoer um Xavier Bettel senger Regierungserklärung gelooss.

Oppositioun géif heeschen, d’Regierung z’ënnerstëtzen, wa si de richtege Wee aschléit an de Bierger ënnerstëtzt, mee awer och d’Majoritéitsparteien ze kritiséieren, wann dat net de Fall wier. Ma d’LSAP krut de Kapp gewäsch. D’Martine Hansen huet bedauert, datt um Kongress vun der LSAP d’CSV als Pafen vernannt goufen. Dobäi hätten d’Sozialiste sech de Slogan „Zesummen“ op de Fändel geschriwwen, woumatter si an d’Wale goungen. D’Affär ëm d’Tess Burton géif weisen, wéi et innerhalb vun der sozialistescher Partei géif ausgesinn. D’Martine Hansen huet hei vun enger Wackelgefor geschwat. D’CSV-Fraktiounscheffin huet dann nach emol drop higewisen, datt d’CSV déi stäerkste Partei an der Chamber ass.

AUDIO: D'Martine Hansen

D’Martine Hansen huet dann och sech erstaunt doriwwer gewisen, datt d’Regierung esou grouss gi wier. 17 Posten huet déi jo. An zwee Vize-Premieren. Do huet d‘Oppositiounspolitikerin provokativ gefrot, ob ee Vizepremier d’Aarbecht net packe géif.
Wärend den éischte Minutten vun der CSV-Interventioun war vill Onrou an der Chamber. Vun der Regierungsbänk esou wéi vun de Majoritéitsparteien gouf reegelméisseg dertëscht geruff. Esou huet de Minister fir d’Verdeedegung a fir d’Infrastrukturen, de François Bausch gemengt, d’Martine Hansen sollt net méi vu Gambia schwätzen. D’Regierung wier rechtméisseg gewielt ginn, deemno sollt een net méi op deen Terme zeréckgräifen. Et wier eng Fro vu Respekt, esou de grénge Minister.

AUDIO: De François Bausch

Iwwert de Koalitiounsaccord huet d’Martine Hansen gemengt, datt et sech hei ëm ee Kaartenhaus aus verschiddene Kapitel géif handelen, dat riskéiert aneneenzefallen. Et wier ee Schéi-Wieder Pak, huet d’Martine Hansen nach emol gesot. Vu Wäitsiicht,e sou wéi d’Regierung dat wéilt vermëttelen, géif een am Koalitiounsaccord näischt gesinn. Et géif ee kee kloert Zil gesinn.

No der Martine Hansen huet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger d’Wuert kritt. Deen huet a senger Interventioun erkläert, datt de Koalitiounsaccord ee mat Visioun wier, deen och op d’Gerechtegkeet géif setzen, do zum Beispill duerch d’gratis Maison relaise während de Schoulwochen. Wéi hien aus der Interventioun vun der Martine Hansen eraushéiere kéint, géif d‘CSV grosso Modo de Mesuren zoustëmmen, d’Kritik iwwert de Finanzement wier keng nei. All Kéiers, wa Projeten oder de Budget diskutéiert géife ginn, géif dës Fro opgeworf ginn.

Den Eugène Berger huet fir de Rescht op déi lescht 5 Joer gekuckt. Do zum Beispill op d’Lycésreform. D’Reformen, déi entaméiert goufen, missten elo suivéiert ginn, an de Fall ginn adaptéiert ginn. Gerechtegkeet, deen Terme koum während senger Ried ëmmer nees op, ob am Gesondheets-, Schoul- oder dem Sozialwiesen.

Den Eugène Berger huet fir de Rescht op déi lescht 5 Joer gekuckt. Do zum Beispill op d’Lyceesreform. D’Reformen déi entaméiert goufen, missten elo suivéiert ginn, an de Fall ginn adaptéiert ginn. Gerechtegkeet, deen Terme koum während senger Ried ëmmer nees op, op am Gesondheets-, Schoul- oder dem Sozialwiesen.

D’Regierung wier net géint ee gemaach ginn, mee fir der moderner Entwécklung Rechnung ze droen. Domatter huet den Eugène Berger seng Ried op en Enn bruecht.

No der Martine Hansen an dem Eugène Berger, war et um Alex Bodry vun der LSAP, fir op d’Regierungsdeklaratioun vum Premier Xavier Bettel ze reagéieren. Do huet de sozialistesche Fraktiounschef nach emol Revue passéiere gelooss, wat d’Grënn sinn, firwat d’LSAP sech mat den aneren zwou Parteien an eng Koalitioun nees agelooss huet. Eng Prioritéit vun der LSAP war et, datt de Rentenalter net eropgesat gëtt, an dat hätt ee kéinte mat weider huelen, esou den Alex Bodry.

Den Alex Bodry huet op dem Martine Hansen seng Bemierkung, d’Regierung wier méi grouss wéi déi leschte Kéier mam Contraire reagéiert. D’Staatssekretäre gehéieren zu der Regierung, deemno hätt een dës Kéier manner Leit an der Regierung wéi déi Kéier virdrunner, esou den LSAP-Politiker Alex Bodry. Op d'Finanzementsfro, déi vun der Oppositioun scho gestallt  gouf, huet den Alex Bodry geäntwert, datt der CSV hire Plang fir Lëtzebuerg och net chiffréiert gi war.

AUDIO: Den Alex Bodry

Wat den Terme "Paf" ugeet, deen um LSAP-Kongress soll gefall sinn, huet den Alex Bodry gesot, mat där Terminologie kee Problem ze hunn. Esou géif och vun de Roude geschwat ginn.

Dat Interessanst wier ze gesinn, wat net am Koalitiounsaccord steet. Dat sot den Adr-Deputéierte Gast Gibéryen, wéi et un him war, um Krautmaart op d’Regierungsdeklaratioun vum Premier Xavier Bettel ze reagéieren. Et wieren eng Rei positiv Saachen am Dokument ze fannen, allerdéngs och Punkten, déi d’Adr stutzeg gemaach huet, zum Beispill bei der Individualbesteierung. Hei géif keen eppes verléieren, géif d’Regierung behaapten. Wann een awer genee hikuckt, géifen d’Majoritéitsparteie vu Kompensatiounsmesuren an Iwwergaangsbestëmmunge schreiwen. Dat géif jo bedeiten, datt verschidde Leit awer mat Kierzungen rechne missten, huet de Gast Gibéryen an de Raum gehäit.

AUDIO: De Gast Gibéryen

De Gast Giberyen huet dann awer och déi Gréng attackéiert. Si hätte mat den anere Parteien elo no de Walen matgezunn, obschonns si géint de gratis ëffentlechen Transport nach virun de Wale waren. Et wieren och déi Gréng, déi an enger Regierung géife setzen, déi fir ee stramme Wuesstem géif astoen. Der Wuesstemsdebatt wier am Koalitiounsaccord kee Raum gelooss ginn, obschonns de Wuesstem de Grond fir de Kollaps op ville Niveaue wier: ob beim Logement, der Mobilitéit oder der Renteproblematik.

Fir de Marc Baum vun déi Lénk ass de Koalitiounsaccord ee Pak, dee virun allem ee liberalen Touch huet. D’Sozialisten hätte vill Waasser an hire roude Wäin misste schëdden, huet de Marc Baum gemengt. Hien huet och déi niddreg Kapitalsteier kritiséiert. D’Kapital géif 5 Mol manner besteiert ginn wéi d’Aarbecht. Kritik, méi oder manner kloer gouf et och um Projet vun enger rechtlech ëffentlecher-rechtlecher Téléschaine. Do huet de Marc Baum nämlech gemengt: wann ee geséich, wien dee Ressort an den Hänn hätt, géif hien drun zweiwelen, datt déi jeemools Realitéit géif ginn.

Déi eenzeg "fundamental Erfrëschung" wier d’Legaliséierung vum Cannabis. Eng Fuerderung, déi och vun de Lénke koum. Déi interessantsten Handschrëft dierft de Verdeedegungsministère hunn, esou de Marc Baum. Et kéint een dovunner ausgoen, datt d‘Oprüstungsspiral vun de leschte 5 Joer och déi nächst Legislatur riicht dierft weider goen.

De Sven Clement ass dann a senger Ried op d’Digitaliséierung agaangen, ee Punkt, deen d’Pirate begréissen, do zum Beispill d‘5G-Strategie. Allerdéngs huet de Sven Clement nees de Finanzement vun deem ganzen Accord hannerfrot. Wann hei mat oppenen Zuelen hantéiert gi wier, kéinten déi aner Parteien an och d’Bierger de Merite vum Ofkommes besser ofschätzen. Et wier een awer no der Deklaratioun esou schlau wéi virdrunner. Et géif mat der Strenz ausgedeelt, d’Schéier tëscht räich an arem ëmmer méi grouss an d'Wuesstemsdebatt ignoréiert ginn.

D’CSV huet e Mëttwoch de Mëtteg dann eng Motioun eragereecht. D’Allocations familiales solle jo, wann et der Regierung nogeet, eréischt um Enn vun der Legislatur indexéiert ginn. Déi gréissten Oppositiounspartei wëll awer, datt d’Familljenallocatioune scho vum 1. Januar d’nächst Joer indexéiert ginn an hunn eng deementspriechend Motioun eragereecht. Dës Motioun gouf mat 31 Nee-Stëmmen ofgeleent. 27 Deputéiert haten dofir stëmmen, 2 Parlamentarier hu sech enthalen.

Reaktioun Jonk Demokraten

D‘Jonk Demokraten begréissen den Koalitiounsaccord vun der neier Regierung. Et ass en Accord, deen eng liberal Handschrëft dréit an an deem vill vun eise Fuerderungen zeréckzefanne sinn, heescht et en Donneschdeg de Moien an hirem Schreiwes.

Reaktiounen vu Konservativ a KPL

Hei d'Schreiwes vun der KPL


Eine fortschrittliche und sozial gerechte Politik geht anders

Nach einer ersten Analyse des Regierungsprogramms und der Anhörung der Regierungserklärung stellt die KPL fest, dass die Ankündigungen der Dreierkoalition von DP, LSAP und Déi Gréng nicht den Erwartungen der Schaffenden und Rentner auf eine fortschrittliche und sozial gerechte Politik gerecht werden. Abgesehen davon, dass das Regierungsprogramm in zahlreichen wichtigen Punkten, zum Beispiel im Bereich der Mobilität, des Wohnungsbaus und der Steuern, sehr vage und unverbindlich bleibt.

Die Umverteilung zugunsten des Kapitals, dessen Dominanz nicht in Frage gestellt wird, geht unvermindert weiter, unter anderem über eine weitere Senkung der Kapitalsteuern und die teilweise Finanzierung einer Mindestlohnerhöhung durch den Steuerzahler.

Gleichzeitig erfolgen Maßnahmen im Interesse der kleinen Lohnbezieher und der kleinen Rentner nur mit dem Tropfenzähler, und die Politik der Rekordaufrüstung wird fortgesetzt.

Die KPL wird ihren außerparlamentarischen Kampf fortsetzen und hält an den Forderungen ihres Dringlichkeitsprogramms fest, darunter die Anpassung des Mindestlohnes, der Teuerungszulage, der Familienzulagen und der kleinen Renten um 20 Prozent, die Erhöhung der Kapitalsteuern für Banken und Großbetriebe, die Einführung des »Tiers payant généralisé«, die Erhöhung der Ausgaben für die öffentliche Schule um 30 Prozent und radikale Kürzungen im Militärhaushalt.

 

Reaktioun CGFP an Handwierkerfederatioun

Die Fédération des Artisans nimmt die Regierungserklärung von Premierminister Xavier Bettel zur Kenntnis

Die Verbandsgremien werden in den kommenden Wochen eine eingehendere Bewertung der verschiedenen Ankündigungen und Initiativen des Koalitionsabkommens vornehmen. Die Fédération des Artisans sieht auch einem ersten Treffen mit dem neuen Ressortminister Lex Delles positiv entgegen um auf bestehenden Projekten weiterzuarbeiten und neue Initiativen im Interesse des Mittelstandes auf die Schienen zu bringen.

Was die allgemeine Politik betrifft, stellen sich für den Dachverband des Handwerks, neben vereinzelten positiven Ankündigungen in Sachen Wohnungsbau, Förderung der Energieeffizienz und Ausbildung, eine Reihe prinzipieller Fragen.

Die Desorganisation der Arbeit, die durch die Aneinanderreihung von verschiedenen Urlaubsformen entsteht, stellt viele mittelständische Unternehmen vor quasi unlösbare Aufgaben. Besonders kleinen Unternehmen wurden von Regierungsseite keine Möglichkeiten an die Hand geben um ihre Arbeitsabläufe auf Betriebsebene mit den Mitarbeitern gemeinsam flexibel zu gestalten, um ein gutes Funktionieren des Unternehmens weiterhin zu gewährleisten.

Indem immer mehr Mitarbeiter, im Sinne von Vereinbarkeit von Familie und Beruf, immer häufiger von immer zahlreicheren staatlichen Urlaubsformen profitieren, wächst der Druck auf die Unternehmen und deren Mitarbeiter, die gerade nicht beurlaubt sind, um noch eine wirtschaftliche Aktivität im Betrieb aufrecht zu halten.

Die Fédération des Artisans fragt sich, welche konkreten Antworten die Regierung auf diese ernsthafte Problematik geben möchte. Zusätzliche Flexibilität für Arbeitnehmer bedeutet in den Augen des Handwerks automatisch auch zusätzliche Instrumente und Freiräume für die Unternehmen auf diese neue Situation reagieren zu können.

Da es wohl nicht die Absicht der Regierung sein kann, eine rein einseitige Politik zu verfolgen, warten kleine und mittelständische Unternehmen auf konkrete Initiativen, wie sie sich organisieren können um ihr Arbeitspensum erledigen und gleichzeitig ein gutes Arbeitsklima aufrecht halten zu können.

Das Handwerk wehrt sich nicht gegen die Vereinbarkeit von Familie und Beruf. Diese Ziele sind aber nur zu erreichen indem man nach ausgeglichenen und praxisnahen Lösungen sucht, die auch in mittelständischen Unternehmen umzusetzen sind. Für kleine Unternehmen ist es 5 vor 12.

 

Hei d'Reaktiounen vum Dënschdeg am Nomëtteg

"De grénge Fuedem zitt sech duerch de Programm", huet d'Josée Lorsché vun déi Gréng gemengt.

AUDIO: D'Josée Lorsché iwwer de Koalitiounsaccord

"Et zitt sech iwwerhaapt kee Fuedem duerch d'Dokument", huet de Marc Baum vun déi Lénk op senger Säit gesot a schwätzt vu Potpourri.

Am Koalitiounsaccord géif och net un der Ofhängegkeet vum Land vun der Finanzplaz gefréckelt ginn. Au contraire: Lëtzebuerg géif och an Zukunft vun deem Secteur ofhängeg bleiwen, esou de Marc Baum.

AUDIO: De Marc Baum iwwer de Koalitiounsaccord

Ähnlech Téin vun der CSV. Hei handelt et sech ëm ee Sammelsurium vun eenzele Mesuren, déi kee roude Fuedem hunn, huet dann d'Fraktiounscheffin vun der CSV, d'Martine Hansen, gemengt. Dee wier net ambitiéis, esou wéi de Premier Xavier Bettel dat wéilt duerstellen, mä virun allem voluminéis, dobäi kéim nach, datt een net wéisst, wéi d'Mesurë finanziell ze droe wieren.

AUDIO: D'Martine Hansen iwwer de Koalitiounsaccord

D'Oppositioun géif ëmmer d'Fro vum Finanzement opwerfen, wa si net weiderwéisst, huet d'Josée Lorsché gekontert.

Déi lescht 5 Joer hätt een d'Finanzéierung vun de Projeten a Mesuren aus dem leschte Koalitiounsaccord gutt gemeeschtert, huet den Eugène Berger vun der DP ënnerstrach. D'Basis wier ginn, dat och déi nächst 5 Joer ze maachen.

AUDIO: Den Eugène Berger iwwer de Koalitiounsaccord

Aus dräi Walprogrammer, déi verschidde Punkten Opweises haten, ass ee Projet entstanen, huet den Alex Bodry vun der LSAP net ganz ouni Houfert gemengt.

AUDIO: Den Alex Bodry iwwer de Koalitiounsaccord

D'Piraten, do de Sven Clement, hunn da vun enger seichter Deklaratioun geschwat. Et hätt ee sech méi Detailer erwaart, virun allem well den Accord am Virfeld jo awer kritiséiert gouf. Et hätt sech en Dënschdeg de Mëtteg unhéieren wéi ee Walprogramm, net wéi ee Koalitiounsprogramm.

AUDIO: De Sven Clement iwwer de Koalitiounsaccord

"Et ass eng Deklaratioun, wou alles dran ass, gläichzäiteg awer och näischt." Dat waren d’Wierder no der Regierungserklärung vum Premier Xavier Bettel vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. Hien huet, wéi d'ailleurs och déi Lénk, bedauert, datt d'Fro vum Wuesstem net a Fro gestallt géif ginn. Eng Fro, déi awer virun de Chamberwalen opgeworf gouf. Mä et géif ee weidermaachen wéi bis elo.

AUDIO: De Gast Gibéryen iwwer de Koalitiounsaccord