En Dënschdeg den Owend ass de Policehelikopter méi laang iwwer Stroossen gekreest. De Grond war, datt e Brigang gesicht gouf.

Dat äntwert d'Police op eng Fro, déi si op Twitter gestallt krut.

No engem Abroch an en Haus hätt d'Policepatrull op der Plaz Verstäerkung duerch den Helikopter ugefrot.

Weider Detailer wëll d'Police e Mëttwoch matdeelen.

An online informéiert si, wéi ee sech virun engem Abroch schütze kann.