De Raoul Clausse war zanter 2009 Buergermeeschter vun der klengster Gemeng am Land.

Hie war bei de leschte Kommunalwalen, am Oktober zejoert, op en Neits zeréckgewielt ginn.

Viru senger Zäit als Buergermeeschter war de Raoul Clausse Franséischproff am Lycée Technique école de commerce et de gestion.

De Raoul Clausse war bestuet an hat 6 Kanner. Hien ass um Dënschdeg un de Komplikatioune vun enger OP gestuerwen.