Den Documentaire "Am Plang" vum Pascal Becker elo am Replay op RTL.lu.

Wéi preparéiert ee sech op esou eng Campagne, wéi vill Reuniounen, Walmeetingen an Diskussioune falen nieft der alldeeglecher Aarbecht un, wéi staark ass de moraleschen Drock, wéi grouss ass d'Enttäuschung um Walowend?

Eng RTL-Ekipp huet de Spëtzekandidat vun der CSV bei de leschte Walen de ganze Walkampf iwwer mat der Kamera begleet. Dir kritt am Documentaire en direkten Abléck an d'Liewe vum Politiker a Privatmënsch Claude Wiseler.