Um Stater Geriicht gouf en Affekot an Ex-Buergermeeschter wéinst Fahrerflucht zu enger Geldstrof a Fuerverbuet mat Sursis veruerteelt.

Zu der Geldstrof vun 3.500 Euro, kënnt e Fuerverbuet vun 18 Méint mat Sursis dobäi, an de Mann muss enger Partie civile ronn 1.200 Euro Schuedenersatz bezuelen.

Am Juni zejoert hat hien um Briddel en Accident provozéiert, eventuell mat ze vill Alkohol am Blutt. De Mann war deemools mat sengem Auto an e geparktent Gefier gerannt. Wéi d'Police op d'Plaz vum Accident koum, war den Ugekloten net méi do, well hien déi Zäit vu sengem Hausdokter gebutt gouf.

Vue dass sech de Beschëllegten eréischt den Dag drop bei der Police gemellt hat, konnt säin Alkoholtaux net méi festgestallt ginn. Am Prozess hat d'Partie civile ausgesot, de Mann wär nom Accident am Zickzack gaangen.

Nach eng Affär viru Geriicht

Eng Geldstrof vu 1.500 Euro, dozou gouf en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht eng jonk Fra veruerteelt. Hir war virgehäit ginn, am Abrëll um Parking vun der LuxExpo um Kierchbierg zwee Hënn an enger Camionnette an hire Käfeger an an der praller Sonn stoe gelooss ze hunn, ouni dass d’Déiere genuch ze drénken haten.