En Donneschdeg de Moie gouf sech op der Cour de Cassation an der Stad mat der sougenannter Drogenaffär vu Waasserbëlleg befaasst.

D'Affekote vun den 3 Haaptleit waren net mam zweeten Uerteel d'Accord a probéieren, dat elo iwwert d'Cassatioun ausser Kraaft gesat ze kréien. Dobäi ass de Volet vum Haaptmann a Proprietär vum Haus zu Waasserbëlleg awer net drukomm. Säin Affekot hat nämlech gefrot, dass och lescht Schrëftstécker fir säi Client op englesch géifen iwwersat ginn. Well de President vun der Cour fonnt huet, dass bis elo all d'Dokumenter op englesch iwwersat goufen an déi Lescht dat dann och sollten, gouf dee Volet op de 26. September dat anert Joer verluecht. Dogéint sinn d'Volete vum Haaptdealer a vun der Gerante vum Haus en Donneschdeg de Moien drukomm.

Deenen hir Affekoten haten am Ganzen 3 Cassatiounsmoyene presentéiert, an zwar een duerch den Affekot vum Haaptdealer an zwee duerch den Affekot vun der Gerante vum Haus. De Conseiller-Rapporteur huet erkläert, déi zwee Affekote wären allebéid net domat averstane gewiescht, dass an zweeter Instanz engersäits zwee Enquêteure vun der Police an anerersäits Zeien net gehéiert goufen. An den Ae vun deenen zwee Affekote misst dat zweet Uerteel dowéinst casséiert ginn. De Vertrieder vum Parquet général huet allerdéngs gemengt, dass déi zwee Pourvoien zréckzeweise wären. A béide Volete gëtt de 24. Januar d'Uerteel gesprach.

Als klenge Rappel: Am Februar waren op der Cour d'appel am zweete Prozess ëm dës Drogenaffär Prisongsstrofe vun tëscht 8 Joer, dovun 3 mat Sursis, an 12 Joer fir déi 3 Haaptleit gesprach ginn. Dobäi koume fir déi 3 Geldstrofe vun zweemol 10.000 an eemol 2.500 Euro. Déi 18 aner Beschëllegt haten iwwerdeems tëscht 21 Méint a 6 Joer feste Prisong kritt, awer keng Geldstrof méi.

Zu Waasserbëlleg an am Garer Quartier an der Stad hate si Droge verkaf. Am Oktober 2015 war dësen Drogereseau opgeflunn. Am Appellsprozess war och d'Confiscatioun vum Haus gesprach ginn, am Géigewäert vun awer „nëmmen nach“ 29.000 Euro, am 1. Uerteel waren dat der nach 136.000.