De Sven Clement sot, d'Pirate géife sech och an Zukunft nëmmen un der Saach orientéieren an net no Parteilogiken ofstëmmen.

AUDIO: De ganzen Interview mam Sven Clement

D'Koalitioun huet bei eis Piraten e Vertrauensvorschuss, well et an hirem Programm vill mof Iddie gëtt, seet de Pirat Sven Clement an explizéiert domat, firwat d'Koalitioun e Mëttwoch an der Chamber op eemol zwou Stëmme méi hat, wéi hir eegen, wéi et drëms goung de Regierungsprogramm zu bewäerten. Déi zwou Jo-Stëmme koume vun de Piraten, déi jo mat der ADR e Groupe technique - an der Oppositioun - forméieren. An der ADR si se schwéier rosen iwwer dee Pirate-Vott.

De Sven Clement explizéiert: Ma et ass ganz einfach, ech mengen ech hu virdru 36 Minutte laang laang a breet duergeluecht, datt et zielt, datt gutt Iddien ëmgesat ginn, egal wie se schlussendlech ëmsetzt. A vue datt mir an deem Programm e klore mofe Fuedem konnten erkennen, hu mir gesot, mir ginn hinnen ee Vertrauensvirschoss. Dat heescht net, datt mir all Projet vun der Regierung gutt fannen, mir hunn definitiv Virbehaler géint eng ganz Rëscht u Projeten, mä si hunn awer e Vertrauensvirschoss verdéngt, fir ze weisen, datt se eben déi Iddien, déi och an eisem Programm stoungen, kënnen esou ëmsetzen. 

AUDIO: Extrait Sven Clement

De Sven Clement sot weider, d'Pirate géife sech och an Zukunft nëmmen un der Saach orientéieren an net no Parteilogiken ofstëmmen. Vun Ufank u wier awer Bauchwéi derbäi gewiescht, mat der ADR an engem Groupe technique ze sinn.

E Vertrauensvirschoss kritt d'Koalitioun vun de Piraten. An dat well et an hirem Programm mof Linne gëtt. Déi eng, déi vun der ADR, déi mat de Piraten an engem Groupe technique sinn, déi sinn not amused. Net ze gleewen, schreift d'Sylvie Mischel op Facebook, a weider: Hunn d'Pirate sech vertippt? D'Pirate stëmme fir d'Gambia II-Regierung. Domat ass hir Kritik onglafwiedeg ginn.

Wien awer Spaass un deem Vote huet, dat sinn déi Rout aus der Koalitioun. Déi jo elo faktesch eng méi grouss Majoritéit huet. Den Alex Bodry mengt, Gambia wier definitiv eriwwer, lo ass eng nei Fuarf derbäi an de Mars di Bartolomeo iwwerleet weider: Schwaarz mat Doudekapp oder mof?