Ronn 10 Joer Studium muss ee maachen, fir kënnen als Generalist ze schaffen, net ze schwätze vun de Spezialisatiounen.

Eng laang Formatioun, déi ee bis elo just zum Deel hei am Land ka maachen. Mee dat soll sech an Zukunft änneren. Och am neie Regierungsprogramm ass virgesinn, d’Dokteschausbildung am Grand-Duché auszebauen. Wat ass d’Situatioun haut, wat soll agefouert ginn, ginn et genuch Hausdokteren a wat motivéiert Jonker esou e laange Studium unzegoen?

De Jorge Batista ass ee vun den 9 jonken Dokteren, déi rezent op der Uni Lëtzebuerg hiren Diplom an der Allgemengmedezin iwwerreecht kruten. Eigentlech wollt hie Mathesproff ginn, huet sech awer du fir Medezin entscheet.

De Grondstudium an der Medezin dauert 6 Joer. Dat éischt dovu kann een zu Lëtzebuerg maachen, duerno muss ee fir 5 Joer an d’Ausland an da kënnt nach d’Spezialisatioun. Dëst sinn tëscht 3 a 6 Joer weider jee no Spezialisatioun.

Wéi am Regierungsaccord steet, ginn et vun 2020 un awer nach Neierungen wat d’Dokteschausbildung hei am Land betrëfft. Knapp 120 Doktere goufe bannent de leschte 14 Joer zu Lëtzebuerg diploméiert. De Manktem u Generaliste bleift awer bestoen.

Dass net genuch Jonker wéilten Hausdokter ginn, hätt sécherlech domat ze dinn, dass et en zäitopwännegen a stressege Beruff wier. De Jorge Batista bereit seng Decisioun, Generalist ze ginn, jiddefalls net.