De 60-Minutten-Documentaire iwwert de Xavier Bettel weist Momenter, déi normalerweis net vu Kameraen agefaange ginn.

Den Tim Hensgen an de Loïc Tanson kruten ee Joer laang e privilegiéierten Accès hannert d’Kulisse vum politeschen Alldag vum Lëtzebuerger Premier.

Vun "Off the Record"-Gespréicher mat anere Regierungscheffe wéi Merkel oder Macron um Bord vun den internationale Sommeten iwwert de Stress virun engem "Etat de la Nation" bis bei d’Ongewëssheet am Virfeld vun de Walen, den Documentaire hëlt de Spectateur hautno mat an d’Liewe vum Staatsminister a vun der Persoun Xavier Bettel.

Den Documentaire iwwert den alen an neie Staatsminister ass e Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg gelaf an ass elo am Replay op RTL.lu disponibel.

"Am Plang" - De Walkampf mam CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler

VIDEO: Am Plang: Den Documentaire iwwer de Claude Wiseler
De Pascal Becker huet den CSV-Spëtzekandidat Claude Wiseler de ganze Walkampf iwwer begleet.