Um Méindeg de Moie goufen d'Pompjeeën op d'Ellenger Gare geruff, well et do am Depot vu Ponts et Chaussées gebrannt huet. Et gouf kee blesséiert.

Op der Plaz waren d'Asazzentere vun Duelem, Munneref, Uespelt, Fréiseng, Réimech an Diddeleng, an der Stad, grad ewéi d'Ambulanz vu Réimech. Et waren eng 40 Pompjeeë bedeelegt. Kuerz virun 10 Auer war déi éischt Meldung vum Feier beim CGDIS erakomm, géint 10.45 Auer war d'Feier ënner Kontroll.

Wéinst dem Pompjeesasaz op der Ellenger Gare ass d'N16 tëscht dem Rondpoint a Munneref gespaart. Et soll een déi Streck wärend de Läschaarbechten evitéieren.

Gebrannt hat et och an engem Zëmmer am Fleegeheem zu Wolz. D'Ambulanze vu Wolz an Housen waren op der Plaz, grad wéi den Asazzenter vu Wolz, vu Géisdref a vun der Stauséigemeng.