D'Walen an d'Zesummesetzung vun der neier Regierung sinn den Ausgangspunkt vum grousse Réck- an Ausbléck mat Staatsminister.

Op dëser Plaz all deene Merci gesot, déi sech d'Méi gemaach hunn, fir hir Froen eranzemailen, de Gros dervun ass an den Interview matagefloss an e puer vun Iech hunn hir Froen och direkt virun der Kamera gestallt.

Am meeschten uewe louch eise User a Spectateuren d'Tatsaach, dass Politiker, déi net erëmgewielt goufen, an der Regierung sinn an op zweeter Plaz d'Familljepolitik, wou ganz vill sech beschwéieren, et géing eesäiteg ee Familljemodell vun dëser Regierung bevirdeelegt ginn.

AUDIO: Neijoerschinterview Xavier Bettel: Resumé Nadine Gautier

Aner grouss Themen am Interview: d'Educatioun, de Logement, de Prinzip Sachleeschtung, firwat dës Regierung nach méi op de Wee geet vu gratis Offere vun der Kanner-Betreiung bis bei den ëffentlechen Transport, d'Finanzéierung vun all deene neien Offeren a weider groussen Investissementer, d'Relatioun mam Patronat, Steierdumping grad ewéi d'Individualbesteierung, mä natierlech geet och rieds iwwert Europa an d'Plaz vu Lëtzebuerg, iwwert de Stil vun der Regierung an dem Premier an och deels ganz privat iwwert de Mënsch Xavier Bettel.

VIDEO: Neijoerschinterview - mat Gebäerdesprooch
De Staatsminister Xavier Bettel huet sech de Froe vum Caroline Mart a vun RTL-Nokuckerten resp. -User gestallt.

Den Interview mam Xavier Bettel vum Caroline Mart op Neijoerschdag op RTL Télé Lëtzebuerg an elo am Replay op RTL.lu.