En Dënschdeg géint 17.40 Auer hat zu Bouneweg am Quartier Dernier Sol en Auto Feier gefaangen.

D'Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz fir d'Feier ze läschen. Et ass kengem Mënsch eppes geschitt, sou d'Informatioun aus dem Bulletin vum CGDIS um Mëttwoch de Moien. D'Police schléisst net aus, dass et sech ëm Brandstëftung kéint handelen an huet dowéinst eng Enquête an d'Weeër geleet.

© RTL Mobile Reporter / Kevin Hertert

An der Rue des Martyrs zu Rëmeleng hat en Dënschdeg géint 20.20 Auer eng Automobilistin d'Kontroll iwwert hiert Gefier verluer, ass an e puer Stroosseschëlter gerannt a schlussendlech widdert engem Luuchtepotto un d'Hale komm, woubäi deen och ëmgefall ass. Well de Luuchtepotto nach ënner Stroum stoung, war d'Plaz ofgespaart ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Führerschäin gouf agezunn.

D'Ambulanz vu Keel an den Asazzenter vu Rëmeleng waren op der Plaz. 1 Persoun gouf blesséiert.

© CGDIS Rëmeleng

© CGDIS Rëmeleng

© CGDIS Rëmeleng