D'Gruppement ''Zesumme fir Leideleng'' an d'DP-Sektioun Koplescht maachen sech staark, fir de Bezierk ze wiesselen.

Déi lescht Woch hate mir vu Leideleng bericht. D'Gruppéierung ''Zesumme fir Leideleng'' fuerdert e consultative Referendum iwwer e méigleche Wiessel vum Walbezierk Süden an de Walbezierk Zentrum. D'Majoritéit am Gemengerot ass awer géint dës Iddi. Zu Koplescht gouf et 2017 schonn esou e Referendum. Deemools waren 63% vun de Wieler fir e Wiessel vum Süden an den Zentrum. Ma d'Meenung vun de Politiker op nationalem Niveau mécht de Frënn vun engem Wiessel wéineg Hoffnung. D'Gruppement ''Zesumme fir Leideleng'' an d'DP-Sektioun Koplescht maachen sech staark fir de Bezierk ze wiesselen. Hire gemeinsame Plang: Leideleng gehéiert an Zukunft net méi zum Kanton Esch, mä zum Kanton Lëtzebuerg. Koplescht verléisst de Kanton Capellen an huet de Choix tëscht Miersch an Lëtzebuerg. Béid Gemenge wären an deem Zeenario an hirem Wonsch-Bezierk Zentrum. Sou einfach ass dat awer net, betount déi nei Inneministesch Taina Bofferding.

''Fir de Kanton ze wiesselen, geet e Gesetz duer. Wann den Zeenario antrëtt dass esou ee Wiessel och eng Ännerung vum Walbezierk mat sech bréngt, da si mir nees an der Logik vun der Verfassung. An déi ze änneren ass net esou einfach.''

Dofir ass eng Zwee-Drëttel Majoritéit an der Chamber néideg. An déi ass an dësem Fall wéineg realistesch. Weder Regierung, nach déi gréisst Oppositiounspartei sinn fir e Bezierkswiessel vun eenzele Gemengen. D' Martine Hansen, déi nei CSV-Fraktiounscheffin um RTL-Mikro: ''Dat sinn Diskussiounen, déi ee muss an engem gesamte Kontext kucken vum Walgesetz. Do kann een net eng eenzel Gemeng erauspicken. Ech mengen Lëtzebuerg ass ee Ganzt a wann een do mat enger eenzeler Gemeng ufänkt, dann kennt erëm eng aner Gemeng déi sech als ''Randgemeng'' fillt. Dat geet jo net.''

Et soll global diskutéiert ginn. D'Alternativ vun engem eenzegen Walbezierk louch dacks um Dësch, mä dacks grad sou séier nees am Tirang.

Dozou d'Taina Boffering: ''Ech verschléisse mech kenger Diskussioun. Wann de Wonsch do ass, eng Kéier iwwert deen eenheetleche Walbezierk ze diskutéieren, da solle mir dat och maachen.''

D'Positioun vun der CSV ass eng aner, Martine Hansen: ''Fir eis ass et wichteg, dass mir déi territorial Representativitéit bäibehalen. Mir brauchen aus all Regioun vum Land Vertrieder déi d'Wieler kenne representéieren. Do ginn et awer ganz sécher ënnerschiddlech Léisungen. An doriwwer muss een an deem Gesamtkontext vum Walgesetz diskutéieren.''

Enger Debatt an der Chamber steet deemno näischt méi am Wee. Fir Leideleng a Koplescht ännert sech kuerzfristeg näischt.