Den Accident war e Mëttwoch de Moie viru 9 Auer virun der Kräizung fir op de Kapenaker. En Auto an e Camion waren am Coup. 1 Persoun gouf blesséiert.

Dat schreift de CGDIS am Bulletin kuerz virun 11 Auer. D'Strooss war nawell zimlech glat, wéi d'Beamte vun der Police op der Plaz ukomm sinn. Dat kéint eng Ursaach vum Accident gewiescht sinn.

Op der Plaz waren de Samu aus der Stad, eng Ambulanz vu Réimech, d'Asazzentere vu Wuermer a Fluessweller, grad ewéi d'Police.

An enger éischter Phas war déi komplett Strooss fir den Trafic gespaart. Géint 10.15 Auer ass awer nees 1 Spur opgemaach ginn a kuerz virun 11 Auer war den Accident geraumt an d'Streck nees komplett op.