Wann een aner Leit express Geforen aussetzt, soll ee méi héich kënne bestrooft ginn. D'Oppositioun gesäit do awer nach eng ganz Rëtsch Problemer.

Net all ze grouss war de Konsens e Mëttwoch an der Justizkommissioun beim Projet 7204. Do geet et ëm d'Aféierung an d'Lëtzebuerger Gesetzgebung vun der sougenannter "mise en danger délibérée d'autrui".

Leit, déi aner Leit wëssentlech a Gefor bréngen, solle méi haart bestrooft ginn, seet dësen Text, deen ënner anerem Verkéiersrowdye viséiert. Net just vun der Oppositioun, mä och vum Staatsrot a vun de Justizautoritéite koume schonn eng Rei Bedenken.

AUDIO: Chamberkommissioun Justiz: Gefor - Rep. Pit Everling

Et ass eng Infraktioun déi zu Lëtzebuerg nei ass, anerwäerts awer net, notamment a Frankräich, wou awer bei bei der Aféierung deemools och zolidd diskutéiert gouf ... "well een e Behuele penal wëll sanktionéieren, wou um Enn näischt geschitt ass", wou awer eppes hätt kënne geschéien, fiert de Justizminister Felix Braz weider a gëtt d'Beispill vun engem, dee mat vill ze héijer Vitess am helllichten Dag duerch Duerf a laanscht eng Schoul fiert.

Haut kritt deen eventuell en Délit de grande vitesse an de Führerschäin wier fort, dat, wat de Code de la route virgesäit, méi awer net.

De Felix Braz wëll esou e Verhalen awer net méi toleréieren, net just den Trafic ass viséiert, well dat neit Gesetz soll iwwer de Verkéiersberäich erausgoen. Nieft déi Sanktioun, déi een haut scho kann applizéieren, soll nach eng derbäi kommen an zwar dann, wa "reell, an net nëmmen theoretesch, praktesch, konkret, imminent d'Gesondheet an d'Liewe vun anere Leit op d'Spill gesat ginn ass", da géif déi nei Infraktioun spillen. En fonction vun de prezisen Elementer an net nëmme vun theoretesche Geforen, déi hätte kënne sinn, géif dat da vum Riichter gepréift ginn.

Nei an der Gesetzgebung: "mise en danger délibérée d'autrui"
De Justizminister Felix Braz erkläert de Prinzip un engem konkrete Beispill.

D'Kritäre misste kloer definéiert ginn. A Frankräich géing dat op Basis vu Jurisprudenzen entretemps ganz gutt funktionéieren, sou de Minister.

D'Oppositioun ass skeptesch. Fir d'Pirate geet den Text zum Beispill vill ze wäit. Den Deputéierte Marc Goergen: "Mir hunn e prinzipielle Problem, well sech och e Problem wäert duerstelle vun der Beweislaascht." Um Enn stéing Ausso géint Ausso.

D'Pirate wëllen de Projet dann och net matdroen.

Der CSV feelt et op ville Plazen am Text u Kloerheet. Den Deputéierte Gilles Roth schwätzt vun engem Text, deen net zeideg ass fir an de Plenum ze goen. Et wéilt een zum Beispill d'Fuerderung net ënnerstëtzten, datt onfräiwëlleg Schléi méi héich sanktionéiert géife wéi fräiwëlleg Schléi.

De Minister wier awer, wéi et schéngt, bereet ze diskutéieren, heescht et weider vun der CSV.

Bis den Text an der Kommissioun duerch ass, dierft also nach eng Partie Waasser de Bierg eroflafen.