D'Neioplo vun der Dräier-Koalitioun ass lancéiert. Wéi gesäit de Fraktiounschef Alex Bodry d'Roll vu senger LSAP an dësem Trio?

Wéi steet et ëm den Erneierungsprozess bannent der sozialistescher Partei? A wéi wëll d'Regierung de Verfassungs-Referendum upaken?

AUDIO: Background am Gespréich mam Alex Bodry

Et bräicht een net ronderëm de Bräi ze schwätzen, d'LSAP géing zu de Wal-Verléierer gehéieren.
En Erneierungsprozess wier néideg, inhaltlech a personell, esou de Fraktiounspresident Alex Bodry e Samschdeg de Mëtteg am Background.

Bei den Thematike misst een sech zum Beispill an de Beräicher Educatioun an Ekologie nach besser opstellen, et sollten intern Fërderprogrammer op d'Been gestallt ginn an et misst ee verstäerkt um Terrain op d'Bierger duer goen.

Och déi personell Erneierung wier bei der LSAP voll am Gaang, seet den Alex Bodry a verweist op déi zwou Fraen déi elo fir d'LSAP op der Regierungsbänk sëtzen. Och wat d'Generatioun ugeet, do wier et elo un den 30- bis 50jähregen.

Et sollt e gesonde Mix ginn tëscht jonken an erfuerene Leit. D'Parteispëtzt wäert och Enn dës Mounts erneiert ginn. Den Numm Franz Fayot zirkuléiert jo do. Sollt den Zentrumsdeputéierte seng Kandidatur stellen, hätt hien d'Ënnerstëtzung vum Alex Bodry.

AUDIO: Den Alex Bodry (LSAP)- De Wielerwëlle respektéieren

Ob elo LSAP-Deputéiert oder Ministere wärend der Legislaturperiod ophalen, dat wier elo nach net gewosst an et géif och keen Drock ginn. Virun allem wieren awer och eng ganz Partie u Leit bei der LSAP vun de Wieler direkt gewielt ginn an hei hätt een och eng Verantwortung dem Wieler géigeniwwer. Vir de Recht wier et eng Decisioun, déi all Deputéierten oder Regierungsmember fir sech selwer ze huelen hätt. Hie selwer géing sech ee Joer virum Enn vun der Legislatur d'Fro stellen, wéi et mat senger politescher Karriär weider geet.

Déi meescht Sozialisten an och vill Jong-Sozialiste géinge verschidden Aussoen, déi an der Lescht no bausse gedroe goufen, net esou deelen, esou nach de Fraktiounschef.

AUDIO: Den Alex Bodry (LSAP) - Erneierung vun der LSAP

Déi meescht LSAP-Memberen hätten net wëllen an d'Oppositioun a se wéilten déi erfuere Leit och net mordicus lass ginn. Wann een éierlech ass, esou den Alex Bodry, hätt een dës Diskussioun misste virun de Wale féieren. Et wier awer eng ongesond Diskussioun gewiescht, déi eenzel Leit an der Partei kuerz no de Wale gefouert hätten. Konzentréiere misst een sech op déi thematesch Erneierung a Stäerkung vun der Partei.

"Ech hat de Sondagë gegleeft an hat net méi mat enger Neioplo vun enger Dräier-Koalitioun gerechent", sot den LSAP-Fraktiounschef weider. Elo koum et awer sou an et hätt een e Projet fir 5 Joer, mat engem Koalitiounsaccord, dee kloer d'Handschrëft vun der LSAP géing droen. Hie verweist ënner anerem op d'Hausse vum Mindestloun an op déi zousätzlech Congésdeeg. Natierlech géingen d'Sozialisten sech op de Fändel schreiwen, fir bannent den nächste 5 Joer méi sozial Gerechtegkeet ze schafen, zum Beispill via d'Steierreform.

Den Alex Bodry ass jo och ee vun den Haaptacteure bei der Verfassungsreform.
Iwwer den Text, deen d'Land der Situatioun vum 21. Joerhonnert soll upassen, gëtt wahrscheinlech 2020 via Referendum ofgestëmmt, esou nach den LSAP-Politiker.
Mat Bléck op Bréissel géing et ausgesinn, wéi wann dem Nicolas Schmit säin Numm och op der LSAP-Lëscht fir d'Europawalen ze fanne wier. Et bleift och derbäi, datt de fréiere Minister soll Lëtzebuerger EU-Kommissär ginn.

Den Alex Bodry ass jo och ee vun den Haaptacteure bei der Verfassungsreform. Iwwer den Text, deen d'Land der Situatioun vum 21. Joerhonnert soll upassen, gëtt wahrscheinlech 2020 via Referendum ofgestëmmt, esou nach den LSAP-Politiker.

D'Emissioun "Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.