Wéi kënnt et, datt vun engem Dag op deen aneren net méi genuch Zich do sinn, fir all d'Linne vum CFL-Reseau ze zerwéieren? Detailer den Owend op der Tëlee.

D'CFL wollt op eng éischt Ufro keng Detailer ginn, wisou tëscht Rëmeleng a Näerzeng respektiv Audun-le-Tiche an Esch-Uelzecht keng Zich méi fueren. Am spéide Freideg de Mëtteg dunn hu se sech awer bereet erkläert, fir en Interview ze ginn.

© Pierre Weimerskirch/RTL

Séier sollt sech awer erausstellen, datt et sech ëm eng technesch Pann handelt. Eng Maschinn, déi d'Rieder vun de sougenannten Z2, déi al giel Zich, ofschläift, ass defekt.

D'Gefierer hunn elo missten aus dem Reseau geholl ginn. Op d'mannst véier Zich hu missten op Thionville bruecht ginn, wou se drop waarden, an d'Rei bruecht ze ginn, esou krute mir dat op Nofro vun de Gewerkschafte Landesverband a Syprolux confirméiert.

D'Linne falen op d'mannst bis Enn Februar aus, esou d'Spriecherin vun den CFL.

Ënnert anerem bei de Gemengen aus dem Käldall huet d'Net-Kommunikatioun vun den CFL fir vill Opreegung an de soziale Reseaue gesuergt.

AUDIO: Keng Zich - Reaktioune Gewerkschaften / Pierre Weimerskirch

Wéi eng Linne si betraff

Fir d'Passagéier vun der Linn 60B tëscht Näerzeng a Rëmeleng steet hinnen de Bus 197 zu Verfügung, deen tëscht der Stad an Ottange fiert. Betraff sinn hei d'Awunner vu Rëmeleng, Téiteng a Käl. Kritik gëtt et hei eriwwer schonn an de soziale Medien, well een mam Bus knapp duebel esoulaang brauch, fir an d'Stad ze kommen, wéi dat mam Zuch de Fall ass.

Op der 60C tëscht Esch an Däitsch-Oth ginn Ersatzbusser agesat.

Geplangte Chantiere vun den CFL am Joer 2019

Och 2019 gëtt d'Schinnennetz vun den CFL weider moderniséiert an erweidert. Dowéinst hunn d'CFL ufanks vum Joer hir Pläng fir d'Chantiere vun 2019 matgedeelt. Heivunner sinn all d'Linne getraff.

D'Linnen 10 (Lëtzebuerg-Ëlwen-Gouvy), 30 (Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier), 60 (Lëtzebuerg-Esch-Rodange), 70 (Lëtzebuerg-Péiteng-Rodange-Lonkesch), 90 (Lëtzebuerg-Beetebuerg-Diddenuewen) wäerten am Joer fir eng oder méi Woche gespaart ginn. Op der Linn 50 (Lëtzebuerg-Klengbetten-Arel) kënnt et dann ëmmer nees zu vereenzelten Aarbechten op der Streck.

D'Detailer vun den Aarbechte fannt Dir am Communiqué vun den CFL.