13 Joer sinn et elo hier, dass ugefaange gouf, de Wunnquartier Belval op de fréiere Frichen z'amenagéieren. Virun allem Appartementer sinn hei gebaut ginn.

Déi lescht Terrainen am Quartier-Nord si verkaaft. Zanter 4 Méint lafen elo d’Aarbechten um südlechen Deel vum Site. Hei entsti virun allem Eefamilljenhaiser an et ginn nei Infrastrukture wéi Sportshalen a Schoule gebraucht. Am Joer 2027 soll de ganze Chantier fäerdeg sinn.

Ronn 120 Hektar grouss ass dëse Site. Dovunner befënnt sech de Gros, ronn 80 Prozent, op Suessemer Territoire. De Quartier-Nord um Belval ass esou gutt ewéi fäerdeg amenagéiert. Am Joer 2006 haten d'Infrastrukturaarbechten hei ugefaangen.

An der Gemeng Suessem, zu där och Bieles gehéiert, wunnen aktuell 17.000 Mënschen. Mat den neie Quartieren, déi um Belval entstinn, komme 5.000 Awunner dobäi. Dofir brauch et och nei Infrastrukturen. Nieft der Kanalisatioun mussen hei och nei Stroosse gebaut ginn an et solle virun allem Familljenhaiser entstoen. Enn dëst Joer sollen déi éischt Terrainen an de Verkaf goen. Donieft entsteet fir d'Rentrée 2020/21 och eng nei Primärschoul.