Den 112 huet Accidenter zu Gaasperech, Péiteng an zu Stroossen gemellt.

Zu Gaasperech gouf kuerz no 20 Auer eng Persoun ugestouss. Zu Péiteng ass kuerz no 1 an der Lëtzebuerger Strooss en Auto wittert eng Mauer gerannt an op der Areler Strooss zu Stroossen krute sech géint 1.30 Auer zwee Gefierer ze paken.

Déi lokal Secouriste waren allkéiers am Asaz.