Ronderëm d'Stad huet e Samschdeg nees en Auto gebrannt, woubäi bei dësem Tëschefall awer Brandstëftung kann ausgeschloss ginn.

Dem 112 no huet kuerz no 22 Auer zu Duelem en Auto geflaamt. Déi Lokal Pompjeeë waren op der Plaz fir ze läschen.

RTL-Informatiounen no hätt et en technesche Problem mam Auto ginn a méiglech Brandstëftung, sou wéi dat nach déi lescht Wochen alt emol am Raum Hesper-Houwald de Fall war, hätt an dësem Fall kënnen ausgeschloss ginn.