E Méindeg géint 6.40 Auer koum et tëscht Grass a Kënzeg zu enger Frontalkollisioun. Éischten Informatiounen no goufen 2 Persoune méi schwéier blesséiert.

D'Strooss war wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart an ass géint 8.30 Auer nees opgaangen.

D'Ambulanze vu Péiteng a vu Suessem/Déifferdeng waren op der Plaz, de Samu CHL, d'Police, grad wéi d'Asazzentere vu Käerjeng a Stengefort.

Kuerz viru 6 Auer e Méindeg de Moie gouf et zu Stengefort an der Rue de Luxembourg en Accident tëscht engem Auto an engem Moto. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Mamer gouf geruff, de Samu CHL, grad wéi d'Asazzentere vu Stengefort a Käerch.

Kuerz viru 7 Auer loung en Auto op der Säit, tëscht Gréiwemaacher a Mäertert. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. Den Asazzenter an d'Ambulanz vu Mäertert waren op der Plaz.

Op der A4, Héicht Zéissenger Kräiz - Leideleng Nord hat um 8.20 Auer en Automobilist en Accident. Eng Persoun gouf blesséiert. D'Ambulanz vu Beetebuerg, d'Asazzentere Leideleng a Monnerech, grad ewéi d'Police waren op der Plaz.