Gratis ëffentlechen Transport: Dervir oder dergéint?
D’Iddi vun der Regierung wërft vill Froen op an et gi vill Meenungsverschiddenheeten.
Seele gouf an der auslännescher Press esou positiv iwwer Lëtzebuerg geschwat, ewéi no der Annonce vun der Regierung, den ëffentlechen Transport wëlle gratis ze maachen.
Mä wat sinn eigentlech d’Echoen hei am Land? Wat si méiglech Konsequenze vun där Gratuitéit? Wéi wäert sech den ëffentlechen Transport an Zukunft finanzéieren? Wéini soll en eigentlech gratis ginn? D’Iddi vun der Regierung wërft vill Froen op a vill Meenungsverschiddenheeten.
Fest steet awer: en Ëmdenke muss kommen. Well scho laang sinn eis Stroossen zäitweis komplett saturéiert. An trotzdeem plot de Lëtzebuerger sech all Moien duerch de Verkéier fir op d’Schaff. 90 Prozent vun de Leit verzichten nämlech bei deem Trajet net op déi eege 4 Rieder, nëmme 6 Prozent dogéint gräife fir op d’Schaff op den ëffentlechen Transport zréck.
An dobäi ass en hei am Land am Verglach mam Recht vun der EU éischter gënschteg: 440 Euro op d’Joer, dat sinn 1,2 Euro den Dag. Jonker ënner 20 Joer kréien e jo scho gratis. Leit iwwer 60 Joer kréien e scho méi bëlleg. An vill Betriber iwwerhuelen och de Käschtepunkt vun engem mPass fir hir Salariéeën.
Ass d’Gratuitéit da wierklech dat ultimatiivt Argument fir den ëffentlechen Transport méi attraktiv ze maachen? Och där Fro si mer am Reportage nogaangen.