Ee jonke Chauffer huet an enger Rietskéier d'Kontroll iwwer säin Auto verluer a krut ee Bam ze paken.

Géint hallwer 1 e Freideg de Mëtteg koum et um CR226 tëscht Izeg a Conter zu engem uergen Accident. E Chauffeur huet op der genannter Streck d'Kontroll iwwert säi Won verluer, krut e Bam ze paken, iert den Auto dunn an engem Gruef stoe bliwwen ass. Den Impakt vum Zesummestouss war esou hefteg, dass de Motor vum accidentéierten Auto aus dem Gefier geschleidert gouf.

Beim Accident goufen 2 Persoune blesséiert. Wéi et heescht ware béid Persounen am Auto uspriechbar a koumen an d'Spidol. Ufanks goung just vun enger Persoun riets, déi uerg blesséiert gouf, dëst gouf elo vun der Police aktualiséiert. Op der Plaz waren de CGDIS aus der Stad, Hesper a Sandweiler, sou wéi de SAMU.

D'Strooss hat nom Accident misse gespaart ginn.

D'Police ass am Moment am Gaangen d'Grënn vum Accident ze ermëttelen. Wéi d'Police matdeelt soll déi genannte Streck schmiereg gewiescht sinn.

© Police

Bei Glëtz a Schnéi verbueden op der Streck ze fueren

Iwwert déi concernéiert Streck hat RTL schonn emol eng Kéier driwwer bericht. Do gouf jo e Verbuetsschëld "en cas d'enneigement et de verglas" opgestallt, dat drop hiweist, dass et am Fall vu Schnéi a Glëtz verbueden ass, a béid Richtungen, d'Streck ze befueren. Dee Reportage hat fir vill Diskussioune gesuergt.