Dobäi koum, dass och nach de richtege Permis net konnt virgewise ginn... Och Wanterpneue waren op engem Gefier net ze fannen.

Bei enger Kontroll zu Schuller, méi genee an der rue de Bascharage, goufen d'Beamten op 2 auslännesch Gefierer opmierksam, déi a Richtung Schuller ënnerwee waren. Bei der Kontroll koum eraus, dass béid Ween komplett mat Gedrénksfläschen iwwerluede waren.

Ee Gefier hat 4020 Kilo, en zweete Won hat 2791 Kilo Fläschen ze vill gelueden. Bei sou héije Chargë muss een e Permis vun der Kategorie C oder C1 kënne virweisen, allerdéngs war dat bei kengem Chauffeur de Fall.

© Police

Och d'Versécherungen hunn net gestëmmt. Dobäi koum och nach, dass ee vu béide Gefierer keng Wanterpneuen drop hat. Och d'Profil vun de Pneue war scho méi staark ofgenotzt.

Béid Ween goufen op Uerder vum Parquet saiséiert, Protokoll gouf ausgestallt.