E Méindeg de Moie war de fréiere Minister vun der LSAP eisen Invité vun der Redaktioun.

"Ech wëll mat de Leit diskutéieren, wat hir Suergen sinn, a wéi si sech d’Zukunft vun Europa virstellen". Dat sot de Nicolas Schmit e Méindeg de Moien, als eisen Invité vun der Redaktioun.

De fréieren LSAP-Minister soll jo nächste Lëtzebuerger EU-Kommissär ginn, geet awer mat an d’Europa-Walen, well et vill Leit ginn, déi soen, dass d’Kommissioun keng demokratesch Legitimitéit hätt.

Et wier him wichteg mat de Leit zesummen ze gesinn, wat hir Ängschte wieren, an dorobber hin dann och ze schaffen.

Den Ament géif sech thematesch op d'Europawalen preparéiert ginn, dofir hätt hien och kee Mandat méi an der neier Regierung , oder als Deputéierten an der Chamber ugeholl.

Säi Wonschmandat an der Kommissioun wier kloer dat vum Sozialen. Hei wéilt hien awer natierlech net virgräifen, mä dat den neie Kommissiounspresident decidéiere loossen.

Et wier awer kloer, dass dee Beräich hien am meeschte géif interesséieren. Den Nicolas Schmit war jo och laang Aarbechtsminister, an deemno an deem Beräich täteg.

Op de Brexit ugeschwat, huet den LSAP-Politiker vun engem totalen Chaos geschwat. En zweete Vott iwwert de Brexit, wier fir hien déi eenzeg Léisung. Bei deem d'Leit, en "connaissance de cause" ofstëmmen, also kloer wëssen, wat en EU-Austrëtt fir Groussbritannien bedeit, sou nach den Nicolas Schmit.

AUDIO: Invité vun der Redaktioun: Nicolas Schmit

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.