Ëmmer samschdes vun 10 bis 12 Auer eng nei Ronn, mat Kachen, Kino, Auto, villen Invitéen an aktuellen Themen.

Wien am dréiwe Januar no Luucht sicht, ka jo schonn u Vakanz denken, dofir hu mir live op d'Vakanzfoire geschalt, hu Statioun zu Mailand am Alfa Romeo Musée gemaach an hunn eng Piccata milanese geschmaacht. Mir hujonk Motocross-Champions virgestallt. Am Kinohu si mer der franséischer Schrëftstellerin "Colette" begéint an zu Déifferdeng am Stadhaus franséischsproochegen Humoristen.

Et gouf Liicht um Enn vum groen Tunnel - e Samschdeg tëscht 10 an 12 an der Weekendronn.

AUDIO: RTL-Weekend vum 19. Januar

D'Weekend-Ronn um Samschdeg de Moien ... all Samschdeg tëscht 10 an 12 Auer op Radio Lëtzebuerg an am Video-Stream op RTL.lu, wou et duerno och de Replay gëtt.