E Sonndeg hate sech déi versammelt, déi net domat d'accord sinn, datt 5 Leit am Gemengerot eng nei Majoritéit gebilt hu mat manner Stëmme wéi déi 4 aner.

2 Mol koum et an de leschte Wochen zu engem Eclat am Géisdrefer Gemengerot. Fir d'éischt hunn Enn Dezember e puer Gemengeconseilleren de Budget net matgestëmmt an du gouf Ugangs Januar eng Motion de Censure géint d'Buergermeeschtesch an de Schäfferot decidéiert. 5 vun 9 Gemengeleit hate sech fir dëse Mësstrauensvott ausgeschwat.

Déi grouss Ënnerstëtzung vun de Bierger bleift awer aus. Vill Leit stinn nämlech hannert der aktueller Buergermeeschtesch Christa Schmitz a kritiséieren d'Aart a Weis, wéi de Mësstrauensvott, an hiren Aen ouni valabelen an objektive Grond, decidéiert gouf.

D'Jugend aus den 3 Uertschafte vun der Gemeng Géisdref hat an deem Kontext e Sonndeg op e Protest-Fest invitéiert. D'Leit waren opgeruff, Faarf ze bekennen a sech staark ze maachen fir Gerechtegkeet.

Verschidden Awunner aus der Gemeng hunn doriwwer eraus Ënnerschrëfte gesammelt fir e Bréif, mat deem d'Inneministesch iwwert d'Onzefriddenheet vun de Bierger soll opgekläert ginn.

AUDIO: De Jean-Claude Lahyr

D'Motion de Censure gouf bei d'Inneministesch geschéckt, wou den Dossier traitéiert gëtt. Nach ass net kloer, ob et zu engem Changement am Géisdrefer Gemengerot kënnt oder net.