Am Keller vun engem Haus an der Rue Lohrbierg hat et e Sonndeg de Mëtteg kuerz no 15 Auer gebrannt.

Beim Feier gouf kee blesséiert, ma de Materialschued ass awer héich an d'Famill kann d'Nuecht net am Haus verbréngen.

Op der Plaz waren den CIS Fëschbech, den CIS Miersch, den CIS Lëntgen an eng Ambulanz vun Ettelbréck.

Géint 17.45 Auer war den Asaz eriwwer.

© CIS Fëschbech