Et ass eng Première: Als éischt Land vun der Welt féiert Lëtzebuerg de gratis ëffentlechen Transport an - an zwar vum 1. Mäerz 2020 un.

Dat deen Ament um nationalen Niveau: Gratis si vun dann un d'Transporter vun CFL, Luxtram, RGTR an TICE. Ma och d'Servicer vun der Ville de Luxembourg, also d'Städtesch Busser (AVL).

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet kritiséiert, dass een als Stad Lëtzebuerg net gefrot gouf, fir zesumme mam Transportministère virun d'Press ze goen. De Minister hat jo e Méindeg eng Pressekonferenz ginn, fir den Datum matzedeelen, vun deem un dann déi ëffentlech Transporter gratis sinn.

AUDIO: Gratis ëffentlechen Transport (1/2): Claudia Kollwelter
AUDIO: Gratis ëffentlechen Transport (2/2): Claudia Kollwelter
VIDEO: Gratis ëff. Transport: Interview mam Transportminister
Wéi reagéiert de François Bausch drop, datt nach laang net jidderee begeeschtert ass, datt den ëffentlechen Transport gratis gëtt?

François Bausch am Interview op RTL Télé Lëtzebuerg

"Wann een eng Reform mécht, muss een ëmmer mat Kritike rechnen", dat wier hie gewinnt, sot e Méindeg den Owend de Mobilitéitsminister François Bausch am Interview op RTL Tëlee Lëtzebuerg am Kader vun der Annonce, dass op den 1. Mäerz 2020 den ëffentlechen Transport hei am Land gratis gëtt. Hien hätt an de leschte Woche vill Iwwerzeegungsaarbecht geleescht, och bei de Gewerkschaften, mä dat wier normal, dass sou eng Reform diskutéiert gëtt. Et wier elo mol wichteg, dass den Datum steet an d'Leit sech kënnen drop astellen.

Ugeschwat op verschidde Kritiken, huet de Minister Versteesdemech gewisen. Zum Beispill wat déi iwwerfëllte Bussen an Zich uginn oder déi vill Retarden. D'Leit hätte Recht zum Deel nach ëmmer net zefridden ze sinn, sou de François Bausch. Et géifen den Ament vill Schantercher ginn, um CFL Reseau, den Tram, mä et wäert ee richtegen Investitiounschub kommen an den nächsten 3 bis 4 Joer. Vun 2022 respektiv 2023 un géifen d'Leit spieren, wéi déi Qualitéit sech wesentlech verbessert huet.
Sollt dee ganzen Investitiounsprogramm nach des Legislaturperiode kënnen ëmgesat ginn, géif Lëtzebuerg ouni Zweiwel eng Virreiderroll am ëffentleche Verkéier iwwerhuelen, an dat och international weisen, sou een iwwerzeegten Mobilitéitsminister.

De François Bausch huet nach eemol betount, dass hien de gratis ëffentlechen Transport als eng Kadermesure gesäit, eng sozial Mesure, déi an sengen Aen net onwichteg ass. Zemools Leit mat engem Mindestloun kéinten hei zousätzlech nach eemol 440 Euro d'Joer méi zu hirer Verfügung hunn, well se kee Joresabonnement muss bezuelen. Dat wier net ze ënnerschätzen, gouf de Minister nach eemol ze bedenken.

De Mobilitéitsminister huet och nach eemol op d'Ängschte vun de Gewerkschafte reagéiert, dass Personal kéint ofgebaut a weider Guicheten op de Garen zougemaach ginn. De François Bausch huet Entwarnung ginn a sot, dass d'Personal an de Schalter net verschwënnt. Et misst een awer realistesch sinn, déi meescht Leit géifen hiren Ticket haut iwwert den digitale Wee kafen. Et géif een an Zukunft vläicht éischter op de Wee vu sougenannten Info Pointen goen a méi Präsens op de Quaie markéieren. D'Personal vun der Bunn sollt awer net d'Roll vun der Police iwwerhuelen, sou nach de François Bausch op RTL Tëlee.

Kritik vu Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer

Et ass kloer, datt d‘Stad Lëtzebuerg den ëffentlechen Transport wäert gratis maache, dat sot d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, déi awer bedauert, datt et virun der Pressekonferenz e Méindeg de Moie keng gemeinsam Reunioun mam Transportminister François Bausch gouf an d’Stad Lëtzebuerg net zesumme mam Ministère virun d’Press getrueden ass.

Op der Presentatioun e Méindeg de Moie war den AVL net mat opgelëscht bei den Transportmëttel, déi vum nächste Joer u gratis wäerte ginn. Um technesche Plang géinge sech nach eng Partie Froe stellen, déi dann elo bis den 1. Mäerz 2020 regléiert misste ginn, seet d’Lydie Polfer.

Fir d’Stad Lëtzebuerg entfalen d’Recettë vu ronn 16 Milliounen Euro eleng fir d’Busser vun der AVL, dobäi kommen awer och nach d’Recettë vum Tram, dee jo och gratis gëtt a wou d’Stad Lëtzebuerg jo och mat Partner ass.

Op der Pressekonferenz e Méindeg de Moie waren och international Medie vertrueden, zum Beispill France3.

Baisse vun Tariffer bei Trajeten an d'Grenzgebitt

Déi éischt Klass bleift bestoen a muss wieder ganz bezuelt ginn. Dat heescht gratis sinn déi 2. Klass am Zuch, de Bus an den Tram.

Bei Trajeten, déi an d'Grenzgebitt ginn, ginn d'Tariffer no ënnen adaptéiert.

D'Missioune vun de Kontrolleren a soss concernéiertem Personal ginn adaptéiert respektiv hir Missioune ginn nei definéiert.

De Staat kascht dat Ganzt eng 41 Milliounen Euro d'Joer.

2,2 Milliarden Euro ginn eleng tëscht 2018 an 2023 an de Schinnereseau investéiert. Kee Land investéiert esou vill an den Eisebunnsreseau wéi Lëtzebuerg, housch op der Pressekonferenz.

Punkto Investissement: 400 Milliounen Euro ginn an d'Material fir d'Bunn investéiert, Material, dat tëscht 2020 an 2023 geliwwert gëtt.

Dobäi kommen dann nach 380 Milliounen Euro, déi bis 2023 an den Tram investéiert ginn.

Parallel gëtt och de ganze Busreseau reforméiert.

Géint de gratis ëffentlechen Transport: Symbolesche Protestpiquet virum MDDI. / © Claudia Kollwelter

Den offizielle Communiqué

Gratuité des transports en commun, la cerise sociale sur le gâteau de la stratégie multimodale (21.01.2019)

Communiqué par: ministère de la Mobilité et des Travaux publics

En date du 21 janvier 2019, François Bausch, ministre de la Mobilité et des Travaux publics, a présenté les dispositions relatives à l'introduction de la gratuité dans les transports publics à partir du premier semestre 2020.

Le ministre considère que des investissements conséquents et continuels constituent la condition sine qua non pour renforcer l'attractivité du transport public. L'offre, la ponctualité et la qualité des services sont essentielles pour inciter les usagers de la route à changer leurs habitudes et à utiliser les transports publics au lieu de leur voiture privée.

En effet, les investissements prévus dans le rail entre 2018 et 2023 s'élèvent à 2.212.000.000 euros. De plus, les CFL (compagnie ferroviaire luxembourgeoise) viennent de conclure le plus grand contrat d'achat de matériel roulant de l'histoire du rail, d'un montant de 400 millions d'euros, matériel qui sera livré pendant la période 2020-2023. Les investissements dans le tram s'élèvent à 390.000.000 euros pendant la période 2018-2023.

Parallèlement, le réseau national de bus RGTR subit actuellement une réforme complète. Les objectifs de la réorganisation du réseau RGTR sont la hiérarchisation et l'optimisation des lignes d'autobus régionales, l'amélioration des dessertes les dimanches et jours fériés et l'amélioration des fréquences en soirée. De plus, le ministère poursuit un objectif «no-emission» jusque 2030 par la mise en service de bus électriques sur le réseau RGTR.

«L'introduction de la gratuité du transport public est une mesure sociale importante, l'on peut dire la cerise sociale sur le gâteau d'une stratégie globale pour une offensive multimodale», a expliqué François Bausch.

Le ministre a précisé que la période de transition servira à mettre en œuvre tout un paquet de mesures indispensables au bon déroulement du projet dans l'intérêt de toutes les parties prenantes: clients, employés et opérateurs des différents modes de transport public. Les modalités suivantes ont été retenues:

• La gratuité sera introduite en date du 1er mars 2020 sur tous les modes de transports publics nationaux financés par l'État sur le territoire luxembourgeois. Les acheteurs potentiels d'un abonnement annuel sont ainsi informés dans un délai raisonnable afin de pouvoir prendre les dispositions qui s'imposent.

• En ce qui concerne l'impact de la mesure sur les transports transfrontaliers, les tarifs seront réduits après concertations avec les réseaux voisins SNCB, DB, SNCF. Sur le réseau RGTR, les tarifs «RegioZone» seront également réduits. Profiteront donc de la mesure non seulement les résidents, mais également les transfrontaliers.

• Le ministère de la Mobilité et des Travaux publics profitera également de la période de transition pour revoir, et, le cas échéant adapter et préciser les prescriptions légales relatives au bon comportement des utilisateurs des transports publics (conditions, amendes,...), à savoir la loi sur l'ordre et la sécurité dans les transports publics. Cette loi permet notamment d'interdire aux usagers contrevenants l'accès ou le séjour dans les transports publics, afin de contrecarrer tout abus.

• Les missions du personnel d'accompagnement des trains ainsi que des agents d'encadrement, dans le contexte de l'ordre dans les trains, tramways et autobus, seront adaptées, voire étendues en vue d'une amélioration de la qualité et de la sécurité. Le ministère, en coopération avec les opérateurs, redéfinira donc les missions des agents. Cela vaut également pour le personnel de vente.

• Le système des classes dans les trains, donc les 1re et 2e classes, sera maintenu. La 1re classe restera intégralement payante (tarif annuel actuel 660 euros, soit 75 par mois) et l'infrastructure, donc la disposition des rames sera maintenue. Cela est également le cas pour les abonnements transfrontaliers.

• Les automates de vente / valideurs sur les quais de gare seront donc maintenus. La mKaart continuera à donner accès aux services de mobilité tels que les P+R, mBox et bornes électriques Chargy.

• Les titres de transport en 2e classe sont supprimés, mais tout voyageur doit à tout moment pouvoir présenter une pièce d'identité personnelle.

Un groupe de travail est chargé de revoir, et, le cas échéant, adapter tous les textes.

Op der Foto (v.l.n.r.): Jeannot Poeker, MMTP - Département des transports; Félicie Weycker, MMTP - Département des transports; Annick Trmata, MMTP - Département des transports; François Bausch, ministre de la Mobilité et des Travaux publics. / © MMTP

De Communiqué op Däitsch

Kostenloser öffentlicher Transport – Das soziale Sahnehäubchen auf dem Kuchen der multimodalen Verkehrsstrategie (21.01.2019)

Am 21. Januar 2019 hat François Bausch, Minister für Mobilität und öffentliche Arbeiten, die Bestimmungen zur Einführung des kostenlosen öffentlichen Transports im ersten Semester 2020 vorgestellt.

Der Minister sieht konsequente und kontinuierliche Investitionen als conditio sine qua non zur Förderung der Attraktivität des öffentlichen Transports. Das Angebot, die Pünktlichkeit und die Qualität der Dienstleistung sind entscheidend, wenn es darum geht die Menschen dazu zu bewegen, ihre Gewohnheiten zu ändern und vom Privatauto auf den öffentlichen Transport umzusteigen.

Die zwischen 2018 und 2023 vorgesehenen Investitionen in die Bahn belaufen sich auf 2.212.000.000 Euro. Die (luxemburgische Bahngesellschaft) CFL hat 2019 den größten Vertrag zur Materialbeschaffung in der Geschichte der Bahn in einer Höhe von 400 Millionen Euro abgeschlossen. Das Material wird zwischen 2020 und 2023 geliefert werden. Die Tram-Investitionen belaufen sich zwischen 2018 und 2023 auf 390.000.000 Euro.

Parallel unterläuft das nationale RGTR-Verkehrsnetz zurzeit auch einer umfassenden Reform. Die Ziele der Reorganisation sind die Hierarchisierung und Optimierung der regionalen Autosbuslinien, die Verbesserung der Anbindungen sonntags und an Feiertagen sowie abends. Des Weiteren wird das Ziel der „no-emission" bis 2030 verfolgt, indem elektrische Busse eingesetzt werden.

„Die Einführung des kostenlosen öffentlichen Transports ist eine wichtige gesellschaftliche Maßnahme. Man könnte es als das soziale Sahnehäubchen auf dem Kuchen der globalen Strategie für eine multimodale Offensive bezeichnen", so François Bausch.

Der Minister hat des Weiteren erklärt, dass die Übergangsphase dazu dient, eine Anzahl notwendiger Maßnahmen zur erfolgreichen Durchführung des Projektes umzusetzen. Dies liege im Interesse aller Beteiligten: der Kunden, der Arbeitnehmer und der Betreiber der unterschiedlichen öffentlichen Verkehrsmittel. Folgende Modalitäten wurden festgehalten:

• Der kostenlose öffentliche Transport wird am 1. März 2020 für alle nationalen Verkehrsmittel, die vom Staat finanziert werden und sich auf luxemburgischem Territorium befinden, eingeführt. Potentielle Käufer eines Jahresabonnements werden somit zeitgerecht in Kenntnis gesetzt, um entsprechende Maßnahmen ergreifen zu können.

• Was den Einfluss dieser Maßnahme auf den grenzübergreifenden Transport angeht, so werden nach Absprache mit den benachbarten Verkehrsnetzen SNCB, DB und SNCF die Preise gesenkt. Beim RGTR-Verkehrsnetz werden die Preise der „RegioZone" ebenfalls gesenkt. Von der neuen Maßnahme sollen also nicht nur die Einwohner profitieren, sondern auch die Grenzgänger.

• Das Ministerium für Mobilität und öffentliche Arbeiten wird die Übergangsphase ebenfalls nutzen, um die gesetzlichen Grundlagen für ein angepasstes Verhalten der Nutzer in den öffentlichen Verkehrsmitteln zu überprüfen und ggf. anzupassen (Bedingungen, Strafen, ...), also das Gesetz über die Ordnung und Sicherheit in den öffentlichen Verkehrsmitteln. Dieses Gesetz dient insbesondere dazu, rechtswidrigen Nutzern den Zugang zu oder den Aufenthalt in den öffentlichen Verkehrsmitteln zu verbieten, um Missbräuchen entgegenzuwirken.

• Der Aufgabenbereich des Begleitpersonals in den Zügen und des Führungspersonals wird, hinsichtlich der Ordnung in den Zügen, Trams und Bussen, angepasst und erweitert, um eine verbesserte Qualität und Sicherheit zu garantieren. Gemeinsam mit den Betreibern wird das Ministerium also den Aufgabenbereich des Personals neu definieren. Dies gilt auch für das Personal, welches im Verkauf tätig ist.

• Die unterschiedlichen Zugklassen (1. Klasse und 2. Klasse) werden beibehalten. Die 1. Klasse wird nach wie vor kostenpflichtig bleiben (aktueller Jahrestarif bei 660 Euro, also 75 pro Monat) und die Infrastruktur, also die Einteilung der Wagen, wird beibehalten. Dies gilt auch für grenzübergreifende Abonnemente.

• Die Verkaufsautomaten/ Entwertungsgeräte auf den Bahnsteigen bleiben also erhalten. Die mKaart kann demnach weiterhin für Verkehrsdienstleistungen wie den P+R, die mBox und die elektrischen Ladestationen Chargy genutzt werden.

• Die Fahrscheine für die 2. Klasse werden abgeschafft. Fahrgäste müssen sich allerdings jederzeit ausweisen können.

Eine Arbeitsgruppe wurde beauftragt, sich mit der Prüfung und ggf. Anpassung aller Texte zu beschäftigen.

Pressemitteilung des Ministeriums für Mobilität und öffentliche Arbeiten