E Mëttwoch de Moien um 9 Auer hat et an der Rue Jean-Jacques Klein gebrannt. Eréischt no 17 Auer goung d'Strooss erëm fir den Trafic op.

No ronn enger Stonn Aarbecht vun de Rettungsdéngschter op der Plaz, war d'Feier nach net ënner Kontroll, d'Pompjeeë vu Rammerech a vu Réiden op der Atert hunn awer alles probéiert, fir datt d'Feier net op aner Gebaier konnt iwwergräifen. Eng Ambulanz vu Réiden ass och op der Plaz.

Éischten Informatioune no gouf kee blesséiert.

© Olidom Multimedia

Den ACL hat gemellt, datt d'Strooss duerch d'Aarbechte blockéiert wier an een dës Plaz am beschten evitéiere sollt.

Géint 17.15 Auer koum d'Info, datt d'Strooss erëm op wier.

VIDEO: Feier zu Ueschdref: Scheier a Flamen
E Mëttwoch de Moie koum et zu Ueschdref zu engem gréisseren Asaz vun de Pompjeeën, nodeems eng Scheier d'Affer vun de Flame gouf.