De Futtballer-Nationalspiller Dan da Mota sëtzt zanter iwwer enger Woch an Untersuchungshaft, him gëtt Abus de faiblesse reprochéiert.

Den 33 Joer ale Sportler war jo virun 8 Deeg no engem Verhéier beim Untersuchungsriichter wéinst Abus de faiblesse beschëllegt ginn; an der Suite dovu koum hien an de Prisong.

RTL hat déi Inculpatioun vum Futtballer ewell virun enger Woch vun deem sengem Affekot, dem Roy Reding, confirméiert krut. Duerno hat och d'Procureure générale Martine Solovieff op Aussoe vum Maître Reding op eiser Antenne reagéiert. D'Cheffin vum Parquet war rosen, well de Roy Reding behaapt huet, dass de Justiz-Milieu der Press systematesch Tuyaue gëtt.

De Maître Reding gëtt opgefuerdert, déi Behaaptung z'ënnermaueren.

Wier esou eppes de Fall,  géif et kloer géint de Secret vun der Instruktioun verstoussen, wat strofrechtlech Poursuitten an och disziplinaresch Suitte géif kréien.

De Roy Reding reagéiert

Säin Affekot, de Roy Reding, wollt en Donneschdeg de Moien näischt dozou kommentéieren, dass de Futtballer-Nationalspiller Dan da Mota zanter iwwer enger Woch an Untersuchungshaft sëtzt.

Hie sot awer, datt hien en Donneschdeg – a senger Qualitéit als Deputéierten – der Procureure Générale Martine Solovieff e Bréif schreift, fir hir detailléiert z'äntweren op hire Bréif, dee si virun enger Woch iwwer RTL public gemaach hat.

D'Cheffin vum Parquet Général war do opbruecht, well de Roy Reding behaapt hat, datt de Justiz-Milieu der Presse systematesch Tuyaue géif ginn.