Zu Monnerech an der Rue de Limpach koum et um Dënschdeg géint 8.10 Auer zu enger Frontalkollisioun op der Héicht vum Futtballterrain.

Déi 2 Chauffere goufe blesséiert. Ee vun hinnen huet missten aus dem Auto erausgeschnidde ginn a gouf ganz schwéier verwonnt.

Am Kader vun deem Accident sicht d'Police dann elo no Zeien. D'Leit, déi eppes gesinn hunn, solle sech bei der Escher Police um 244 50 1000 oder um 113 mellen.

D'Streck war wärend den Opraumaarbechte komplett gespaart ginn.  Kuerz no 14.30 gouf se nees fir de Verkéier opgemaach.

Am Asaz waren d'Ambulanze vun Esch a Beetebuerg, d'Pompjeeë vun Esch a Monnerech, grad wéi de Samu vun Esch.

Kand ugestouss

Zu Garnech an der Rue des Trois Cantons gouf um Dënschdeg de Moie géint 7.25 Auer e Kand vun engem Auto ugestouss. D'Ambulanz vu Stengefort, de Samu aus der Stad, grad ewéi d'Pompjeeë vu Koler a Mamer waren op der Plaz.