Dësen Donneschdeg war nees Jobdag op RTL an och dës Kéier hu mir probéiert, de Patronen ze hëllefen, nei Mataarbechter ze fannen!

AUDIO: Jopdag an der City Concorde / Reportage Raphaëlle Dickes

Vu moies 8 bis owes 18 Auer hu Patronen hir fräi Aarbecht- a Léierplaze virgestallt.

Hei war ënnert anerem d’Lëtzebuerger Arméi, d'Police, Naxi, INFPC, Initiativ Rëm Schaffen an d'Chambre des Métiers ze fannen.

Den nächsten Jobdag ass de 16. Mee zu Maarnech an der Nordstrooss Shopping Mile. Déi Kéier nees gekoppelt mat engem Léierplazen Dag.

Den Jobdag op RTL, zesumme mat der ADEM an dem Reseau pour le travail et la promotion humaine.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch am Interview beim Raphaëlle Dickes. / © Marie Gales/RTL