Vum nächste Mount u gëtt et e Krack méi komplizéiert, fir mam Auto aus der Stad eraus ze kommen. Responsabel dofir ass e Chantier ronderëm d'Eecher Plaz.

AUDIO: Am Gespréich mam Mathias Foehr / Interview mam Monique Kater

D'Aarbechte vu Creos, der Post an der Stad Lëtzebuerg lafe minimum 15 Méint, Dag a Nuecht op Héichtouren, e Chantier vun enger zolitter Envergure, kruten d'Awunner aus dem concernéierte Quartieren an enger Info-Versammlung erkläert. E Chantier, bei deem een trotz 5 Joer plangen am Viraus, net derlaanscht kéim, d'Stroossen zum Deel ze spären, heescht et vun de Responsabelen um Knuedler...eng Behaaptung, mat där den Ingenieur Mathias Foehr awer guer net averstanen ass. Horizontal Bueren -  fir hie kloer déi besser Alternativ!

Et brauch een d'Stroossen hautdesdaags net méi opzerappen, fir nei Leitungen ze leeën. Mä et buert een einfach, wéi wann ee géif no Pëtrol sichen. Zwee Sätz vun engem Mann, deen zu Lëtzebuerg scho méi wéi ee mol vu sech a sengen Iddie schwätze gedoen huet. De Mathias Foehr ass dee vun der Seelbunn, där eng amplaz vum Tram, well deen hei bei eis guer a glat näischt géif bréngen, war an ass seng Positioun. Den annoncéierte Chantier zu Eech reegt hie grad esou op, well et eben och anescht géing, wéi alles opzerappen. Horizontal Bueren - dat ass se, d'Léisung, seet de Mathias Foehr.

© gstt.de

Mam horizontale Bueren kann een Distanze vun 300 bis 500 Meter iwwerbrécken, ouni dass eppes muss opgemaach ginn. Plättercher, Plack erausrappen oder de Buedem opräissen, muss een dofir net. D'Iddi ass déi, fir an den déiwe Buedem eranzegoen, erkläert de Mathias Foehr.

De Buedem léisst dat zou. Och deen Eecher Buedem, seet de Mathias Foehr, well prinzipiell géif dës Method iwwerall funktionéieren. An et wier wierklech derwäert, well wann een net misst alles oprappen, wier jo och logescherweis d'Stau-Gefor méi kleng. Et brauch een eng gewësse Plaz, wou een an den Buedem erageet, awer erhieflech méi kleng, wéi dat, dat elo hei gebraucht gëtt.

Lëtzebuerg wier retizent am Tunnel Bauen...firwat - wéisst hien och net, well mir hätte jo awer Kasematten an am Süde Galerien. Keng Loscht op Technik freet sech den Ingenieur oder ass déi sougenannt No-Dig-Technologie eis ze deier?

Déi Maschinne fir ze bueren si relativ deier, bësse méi wéi e Bagger, seet de Mathias Foehr weider. Se kënne net iwwerall agesat ginn, de Bagger schonn, dee rappt alles op. Mat där Maschinn kann ee just Leitunge verleeën.

De Mathias Foehr bleift awer dobäi, dass dee Chantier zu an ronderëm Eech hätt kënnen anescht exekutéiert ginn, ouni esou e negativen Impakt, da misste nämlech keng Stroossen zou gemaach ginn. Op alle Fall wier d'Method ausser hei, iwwerall am Gebrauch. Hei am Land gouf et ee Versuch, op d'mannst emol an enger Gemeng - zu Diddeleng, huet de Mathias Foehr nach verroden.

Hie wéilt konstruktiv sinn, mat senger Interventioun, am léifsten och mathëllefen, esou Situatiounen z'evitéieren, seet den Ingenieur a seet sech op fir all Gespréicher.

Eech gëtt verkéierstechnesch Tabu-Zon

Vu Mäerz u wäert an der Stad e weidere Chantier d'Gedold vun den Automobilisten op d'Prouf stellen.

AUDIO: Schantercher an der Stad: Reportage Monique Kater

Betraff ass - an dat während ongeféier 15 Méint - d'Eecher Plaz an d'Stroosse ronderëm. Déi kréien nämlech nei Infrastrukturen. Creos leet nei Stroumleitungen, d'Post schafft um Internet an d'Stad mécht Aarbechten u Kanalisatioun a Waasser. Den Agrëff an den Trafic wier emol méi, emol manner intensiv, kruten d'Awunner aus de betraffene Quartieren dës Woch op enger Informatiounsversammlung erkläert.

Am Summer misst een esouguer mat engem zimlech zolitten Impakt och op e méi groussen Deel vun der Stad rechnen. Am August gëtt nämlech d'Strooss fir aus der Stad eraus, vun der Eecher Plaz un, a Richtung Beggen gespaart. 5 Méint, deemno bis d'Enn vum Joer, sollen dës Aarbechten daueren.

Parallel gëtt dann och, fir geplangten zwee Méint, d'Strooss vum Kierchbierg erof op Dummeldeng zougemaach. D'Europäesch Institutiounen an déi gréisser Entreprisen um Kierchbierg ginn opgefuerdert, hir Mataarbechter iwwer dës Schwieregkeeten am Trafic z'informéieren. Am August wier awer de Stafelter nees op.

Virum Summer an där uergster Phase vun den Aarbechten, wëllt d'Stad Lëtzebuerg d'Leit nach eng Kéier informéieren, mä dat ganzt gëtt et och elo schonn online, op vdl.lu an der Rubrik vun de Chantieren, op RTL.lu an dëse Weekend och op Télé Lëtzebuerg.