Wéi de Buergermeeschter Paul Weimerskirch e Freideg am Gemengerot confirméiert huet, gouf et e Fall vun Hepatite A an der Schëfflenger Grondschoul.

Betraff war den Zyklus 1 am Gebai Albert Wingert. Dem Lëtzebuerger Wort no, wier d’Schoul e Mëttwoch vum Gemengepersonal desinfizéiert ginn, ouni dass d’Verwaltung vun der Gemeng Bescheed wousst.

Och vun den Elteren hätte just déi Bescheed gesot kritt, déi hir Kanner e Mëttwoch um 16 Auer ofgeholl hätten.

De Buergermeeschter hätt e Freideg zouginn, dass den Informatiouns-Floss net ideal gewiescht wier.

Och d’Santé krut eréischt e Mëttwoch Bescheed gesot. Ma de responsabelen Dokter Pierre Weicherding war e Freideg selwer am Schëfflenger Gemengerot dobäi an huet verséchert, dass alles gemaach gi wier, fir en Ausbreeden vun der Krankheet ze verhënneren.

Et ass eng Infektiounskrankheet, déi méi dacks optrëtt, ma an den allermeeschte Fäll awer ouni gréisser Komplikatiounen nees heelt.