Am Centre culturel op der Schéiss war e Samschdeg de Moien de Landeskongress vun der Piratepartei. Ënnert anerem gouf do eng nei Partei-Spëtzt gewielt.

An Zukunft gëtt et, ähnlech wéi dat bei de Gréngen de Fall ass, eng Duebel-Spëtzt. D'Marie-Paule Dondelinger an de Starsky Flor sinn déi nei Co-Presidenten, déi e Samschdeg um Landeskongress vun de Pirate gewielt goufen. Si iwwerhuelen de Poste vum Sven Clement, deen 9 Joer un der Spëtzt vun de Pirate stoung an elo fir d’Partei an der Chamber sëtzt.

Parallel zum Landeskongress war awer och de Kongress vun der europäescher Piratepartei zu Lëtzebuerg. Et huet een en Accord, fir e gemeinsame Programm fir d’Europawale festgehalen.

Béid Co-Presidente si Kandidate fir d’Europawalen.

Mam Slogan "Europe needs more Pirates" wëll een de 26. Mee europawäit untrieden.

D’Marie Paule Dondelinger ass bei de leschte Walen nach fir d’PID mat op d’Lëscht vun den Pirate gaangen. Béid Parteien hate jo bei de leschte Chamberwalen zesummengeschafft.

Déi nei Piraten-Co-Presidentin ass haut nach ëmmer Member an der Partei fir Integral Demokratie. D’Statute vu béide Parteie loossen dat zou. An och fir d'Europawalen am Mee steet si als PID-Kandidatin op der Piraten-Lëscht.