Zolitte Reen a staarke Wand, dat war de Wieder-Menü um Sonndeg. An der Nuecht op e Méindeg goufen et 54 Uriff beim CGDIS.

Den nationale Wieder-Déngscht hat eng Warnung erausginn, wéinst Wandstäerkte vu bis zu 80 Kilometer an der Stonn. Dobäi huet et jo och nawell anstänneg gereent, vu bis zu 30 Liter de Metercarré an 12 Stonnen war rieds. Dat huet plazeweis zu Héichwaasser gefouert. D'Peegele vun de Flëss si wéinst dem ville Reen geklommen.

Um Méindeg de Moie gëtt et awer gréisstendeels Entwarnung. D'Peegelen haten hiren Héichpunkt an der Nuecht op e Méindeg erreecht a sinn elo nees um Falen. Zu Ettelbréck beispillsweis ass d'Uelzecht nees ënnert d’Côte d’alerte vun 2,20 Meter gefall.

Zu Biertreng houng um Méindeg de Moien en Auto op der iwwerschwemmter Strooss fest. / © Olidom Multimedia

Zolitte Wand a vill Iwwerschwemmungen uechter d'Land
Zolitte Reen a staarke Wand, dat war de Wieder-Menü um Sonndeg.

Bis Hallefnuecht sollten op der Metercarré nach emol 10 Liter dobäikommen, hat Meteolux annoncéiert. An der Moyenne si bis e Sonndeg de Mëtteg 20 bis 30 Liter de Metercarré zanter e Samschdeg erofkomm. Am meeschte betraff war den Nordwesten.

Och mam Auto huet een um Sonndeg missen oppassen, op den Autobunnen huet eng héich Aquaplaning-Gefor bestanen.

Och d'Äisch ass um Klammen / © RTL Mobile Reporter / Jerry Peffer

Zu Ettelbréck war d'Uelzecht nawell zolidd geklommen. Dofir gouf et e Sonndeg géint 15 Auer ee klengen Appell: "um Däich stinn nach vill Autoen. Et wier gutt, wann déi Autoe géife geréckelt ginn, well de Risiko ass héich, dass an der kommender Stonn den Däich ënner Waasser steet", hat de CGDIS op Facebook gemellt.

De Parking gouf lues a lues geraumt. D'Goler vun den Trainingsterraine goufen ewechgeholl. D'Gemengenaarbechter hunn och d'Parkautomaten ofgeklemmt. Den Accès op de Parking war vun e Sonndeg den Owend u gespaart.

VIDEO: Héichwaasser an den Däichwisen (10.2.19)
E Sonndeg de Mëtteg hat de CGDIS d'Leit opgeruff, hir Autoe vum Parking Däichwisen ze réckelen. Et war net vu Muttwëll...

© Olidom Multimedia

Wéinst deem ville Reen a Stuerm hu vill Leit de Sonndeg den Dag iwwer op den 112 ugeruff. Um 17 Auer de Sonndeg de Mëtteg schreift den 112 vun 100 Appeller. 20 Mol hunn d'Pompjeeë missten erausfueren, well Beem oder Äscht ëmgefall sinn an deels an der Strooss louchen. 16 Mol goufe se geruff, fir Kelleren auszepompelen.

Op Besuch an der Noutruffzentral vum 112
Zolitte Reen a staarke Wand, dat war de Wieder-Menü um Sonndeg. An der Nuecht op e Méindeg goufen et 54 Uriff beim CGDIS.

Och an der Nuecht op e Méindeg gouf et eng Partie Asätz. 54 mol hat den Telefon beim CGDIS gerabbelt. Et goufen 5 Asätz wéinst ëmgefallene Beem oder wéinst Äscht a 14 mol gouf intervenéiert well Kelleren ënner Waasser stoungen. D'Temperature sinn och zeréckgaangen a plazeweis ass och Schnéi gefall, sou z.B. zu Groussbus oder Eschduerf.

VIDEO: Vill Waasser am Heischtergronn
Duerch de ville Reen hu sech plazeweis grouss Massen u Waasser gesammelt.

Hei d'Schreiwes:

Iwwerschwemmung am Heischtergronn / © Paula Dijkhuis

Message d'ouverture phase d'alerte de crue – bassins Sûre, Alzette, Chiers et Syre

Le service de prévision des crues (SPC) de l'Administration de la gestion de l'eau entre en phase d'alerte.

Risque de crues majeures, provoquant des débordements susceptibles d’avoir un impact significatif sur les personnes et les biens. Actualisation au moins deux fois par jour ou en cas de changements de la situation.

Veuillez trouver en annexe le bulletin de crue sur la situation actuelle des cours d'eau.

Les niveaux d’eau ainsi que les prévisions sont actualisés sur le site internet www.inondations.lu.

Iwwerschwemmung am Heischtergronn / © Paula Dijkhuis

Eröffnungsmeldung Hochwasseralarmbereitschaft – Einzugsgebiete Sauer, Alzette, Chiers und Syre

Das Hochwasservorhersagezentrale (HVZ) der Administration de la gestion de l'eau beginnt mit der Warnbereitschaft.

Gefahr von größeren Überschwemmungen, die Ausuferungen verursachen, die erhebliche Auswirkungen auf Menschen und Eigentum haben können.  Aktualisierung mindestens zweimal am Tag oder bei Änderung der Lage.

Anbei der Hochwasserlagebericht zur aktuellen Lage an den Gewässern.

Aktuelle Pegelstände und Vorhersagen sind der Internetseite www.inondations.lu zu entnehmen.