Mat der Fro, ob en Usträicherbetrib och eng Geneemegung fir Aarbechten um Daach huet, gouf sech e Méindeg de Moien um Stater Geriicht befaasst.

E Privatmann hat d'Firma wéinst sou Aarbechten aus dem November 2014 ugesicht. Aarbechten, déi dem Mann no net richteg gemaach goufen.

AUDIO: Stater Geriicht/Reportage Eric Ewald

Bei der Chambre des Métiers wär hie gewuer ginn, dass de Betrib keng sou eng Autorisatioun hat. Dofir huet dem Mann seng Affekotin gefuerdert, dass d'Firma provisoresch sollt zougemaach ginn an hire Client am Ganze 26.000 € Schuedenersatz sollt kréien.

Fir d'Me Ricotta ass de Betrib nämlech keng generell Baufirma, mä just fir Usträicher- a Fassadenaarbechten zoustänneg. An dësem Fall hätt d'Firma awer fir d'Renovatioun vum Daach en Devis an eng Rechnung ausgestallt, ouni d'Kompetenz fir dës Aarbecht ze hunn. Hire Mandant hätt och net gesot kritt, dass de Betrib déi Aarbechten net maache kéint, mä se enger Duechtergesellschaft iwwerloosse géif. D'Mammenhaus hätt just Intermediaire gespillt an domat d'Gesetz ëmgaangen, an et wär net kloer, dass d'Duechtergesellschaft déi Aarbechten eleng gemaach huet. D'Sous-traitance wär just e Mëttel, fir laanscht d'Gesetz ze kommen, sou d'Affekotin vum Privatmann.

Dogéint huet de Comptabel a Personalchef vum Mammenhaus erkläert, dass dat wuel den Optrag krut, d'Aarbechten awer vun der Duechtergesellschaft duerchgefouert goufen. Bei där waren d'Aarbechter och ugestallt, déi um Mann sengem Daach geschafft haten. Och den Affekot vun der Firma huet betount, dass d'Duechtergesellschaft d'Aarbechte gemaach huet. D'Mammenhaus hätt och ni behaapt, eng Geneemegung dofir ze hunn, sot de Me Reinard. De Privatmann hätt d'Mammenhaus fir dës Aarbechte kontaktéiert an dat d'Duechtergesellschaft gefrot, fir se ze maachen, wat och geschitt wär. Et wär keen Aarbechter vum Mammenhaus intervenéiert, an et wär kontestéiert, dass d'Duechtergesellschaft d'Aarbechten net richteg gemaach huet.

De Mann géif mat alle Mëttele versichen, fir dës Rechnung net bezuelen ze mussen, an d'Reprochen un d'Adress vun der Firma wären net zréckzebehalen. Déi sollt och net zougemaach ginn, wa se sou Aarbechte guer net duerchféiert, d'Demande no Schuedenersatz wär zréckzeweisen an de Mann zum Bezuele vun enger Indemnité de procédure vu 5.000 € ze veruerteelen. De Vertrieder vum Parquet huet sengersäits de Fräisproch vun der Firma gefrot.

D'Uerteel gëtt de 5. Mäerz gesprach.