Huelraim ënnert der Strooss, déi op d'Minièren zeréckzeféiere sinn, maachen d'Aarbechten op dëser Plaz méi komplizéiert, sou de François Bausch.

D'Strooss tëscht Rëmeleng an dem Käler-Potto ass elo zanter gutt engem Joer nëmmen zum Deel ze fueren, fir vill Awunner aus dem Minett eng Situatioun, déi net evident ass.

De Problem vun de Fissuren an der Strooss ass méi komplizéiert, wéi wann nëmme Buedem gerëtscht wier, wëll ënnert der Strooss Huelraim sinn, déi op déi al Minièren zeréckzeféiere sinn.

Wéi den zoustännege Minister François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Minetter Deputéierten Marc Spautz äntwert, wier Virsiicht gebueden, wëll duerch d'Rëss an der Strooss dës Stréck op de Käler-Potto nach weider kéint sacken.

Duerfir sinn och den Ament entspriechend Etüde vun engem spezialiséierte Büro vu Nanzeg am gaangen, déi sollen eng aner geophysesch Etüd confirméieren, déi zejoert ewell duerchgefouert gouf. Op Basis vun dëse Resultater gëtt dann evaluéiert, wéi eng Stabilitéits-Mesurë mussen un der Strooss, dem Summerwee an dem Hiwwel gemaach ginn. Dëst léisst drop schléissen, dass d'Strooss nach fir eng gutt Zäit wäert blockéiert bleiwen.

D'Rëss an der Strooss sinn iwwerdeem op e Chantier vun enger Privatpersoun zeréckzeféieren, wou Verankerunge gemaach goufen.