A wat si Problemer, déi bleiwen? Dat war d'Thema vum politesche Mëttwoch op RTL Télé Lëtzebuerg. D'Emissioun elo am Replay op RTL.lu.

Invitéeë waren d'Familljeriichterin Alexandra Huberty an d'Affekotin Deidre Du Bois.

Dat neit Scheedungsgesetz ass elo 3 an en hallwe Mount a Kraaft. Fir béid Invitéeën – d'Riichterin an d'Affekotin – ass et eendeiteg eng Verbesserung. Scheedungen, wou béid Partner sech an allem eens sinn, daueren elo 2 Méint, iwwerdeems et der virdru 6 bis 8 waren.

Jiddereen, ob se streiden oder net, bestuet waren oder net, huet mam neie Gesetz d'Autortité parentale – si ass also conjointe. Dat heescht, datt d'Decisiounen iwwert d'Kand, wou et an d'Schoul geet zum Beispill, musse gemeinsam geholl ginn.

Bis elo hätt ee sech virgestallt, datt wann ee bis getrennt ass, datt een da komplett getrennt wier. D'Kanner géifen zwar nach mat hirem Petzi vun deem enge bei deen aneren eriwwer wiesselen, ma bis op e Virement all Mount hätt een näischt méi mateneen ze dinn. Déi Zäit, esou d'Familljeriichterin Alexandra Huberty, wier elo mam neie Gesetz eriwwer. "Lo mussen d'Leit léieren, datt se Eltere bleiwen."

Leit, déi virum Gesetz scho gescheet oder getrennt waren, hunn déi Autorité parentale conjointe iwwregens automatesch kritt, schon am Juli wär dat gewiescht, housch et an der Emissioun.

Wann Elteren och bei der Autorité parentale conjointe gläichberechtegt sinn, bleift et awer esou, datt d'Kanner meeschtens bei der Mamm wunnen. De Wiesselmodell, also datt d'Kanner ofwiesselnd bei deem engem an deem aneren Elterendeel sinn, och zur Norm maachen, dat gouf ganz kritesch gesinn.

Wann een dat einfach esou zum Prinzip géif maachen, da géif een de Kanner net hëllefen, esou d'Angscht vun der Affekotin Deidre DuBois, well d'Wuel vun de Kanner misst Prioritéit hunn an och d'Prioritéit vun den Eltere sinn. Et géif een awer feststellen, datt besonnesch bei jonke Koppele mat klenge Kanner eng gewëssen Oppenheet fir de Wiesselmodell wier, net onbedéngt eng Woch - eng Woch, ma vill géifen, och well se allebéid géife schaffen, ganz natierlech op de Wee vum Wiessel goen, wat bei eelere Koppele mat méi grousse Kanner net onbedéngt de Fall wier.

Bedauert huet d'Deidre DuBois, datt et keng Tabell gëtt, déi festleet, wat als Alimenter muss bezuelt ginn; do ass et de Riichter, deen déi Zomm festleet.

D'Gesetz wär positiv fir Fraen, déi doheem bliwwe wären, fir op d'Kanner opzepassen, sot d'Alexandra Huberty, besser wéi dat virdrun, awer konkret, wat d'Fraen eventuell zegutt hätten, do wär et ze fréi, dat ze soen.

De Kontext vum Debat

AUDIO: Scheedungen: Thema um Radio virun der Emissioun

Firwat de Sujet Scheedungen?

Well mir en neit Gesetz hunn, dat eng Partie substantiell Ännerunge bréngt. Dat Gesetz ass den 1. November 2018 a Kraaft getrueden – ass also nach relativ frësch – a vill Leit wëssen net genee, wéi dat dann elo fonctionnéiert.

Wat sinn déi gréissten Ännerungen?

Den Divorce pour faute gëtt et net méi. Doriwwer ass jo scho vill debattéiert ginn. Ganz wichteg ass och d'Aféierung vun der Autorité parentale conjointe – dat heescht, datt Mamm a Papp gemeinsam d'Recht hunn, iwwer Saachen z'entscheeden, déi hir Kanner betreffen. Och wa se net bestuet sinn. Also déi Autorité parentale conjointe gëtt d'Reegel.

An dat klappt ëmmer ouni Problemer?

Wann déi 2 sech net eens ginn, dann ass de Familljeriichter gefuerdert. Dat ass iwwregens och eng grouss Neierung am Gesetz: Alles, wat d'Scheedung betrefft, leeft op enger Plaz, bei engem Riichter, also dem Familljeriichter. Mam neie Gesetz kréien d'Kanner och Rechter, fir ze soen, wat si wëllen, wann hir Eltere sech trennen.

Wourëm geet et an de Reportagen an der Sendung?

Ëm d'Rechter vun de Mammen an de Pappen. Vill Pappe fille sech benodelegt, well si meeschtens d'Kanner just all 2. Weekend kënne gesinn an net méi. Mir schwätzen iwwer de Wiesselmodell, also datt d'Kanner déi eng Hallschent vun der Zäit bei der Mamm, déi aner beim Papp wunnen - eng Saach iwwregens, déi och vill Mamme géife besser fannen. Firwat ass dat net d'Norm, wat sinn d'Grenzen dovun a wat sinn d'Chancen?

Ee schlëmme Fall ...

En anere Reportage geet ëm eng Fra, déi Affer vu Gewalt war, hire Mann huet net nëmme si, mä och hiert Kand geschloen. Si probéiert zanter Joren, vun hirem Mann gescheet ze ginn. Bis elo war dat net méiglech, well hie refuséiert huet an och an en anert Land geplënnert ass. Dat bedeit fir d'Fra horrent Affekotsrechnungen, mä gescheet ass si nach ëmmer net. Et ass eng ganz uerg Geschicht, mat villen Aspekter.