Op den Dag genee ass op der Zuchstreck tëscht der Stad an Diddenuewen, bei der Beetebuerger Gare de triage, en déidlechen Accident geschitt.

E Maschinist war deemools ëm d'Liewe komm, zwou weider Persoune goufe verwonnt.

Zwee Joer dono sinn nach vill Froen net beäntwert, schreift de Landesverband an engem Communiqué. Zwee Joer fir d'Enquête missten awer duergoen, fir déi genee Ursaache vum Accident ze kennen.

Et erwaart ee vum Parquet, an de Responsabele bei den CFL, eng komplett Opklärung an et misst alles gemaach ginn, dass esou en trageschen Tëschefall net méi géif virkommen.

Et wier zanterhier scho vill an d’Sécherheet vum nationale Schinnennetz investéiert ginn, an de Landesverband fuerdert d’CFL och op, och weiderhin a Saache Sécherheet keng Kompromësser ze maachen.

Déi juristesch Enquête ronderëm d’Accident ass iwwerdeems sou gutt wéi ofgeschloss. De leschte Rapport vun engem Schwäizer Expert goung d’lescht Woch un den zoustännegen Untersuchungsriichter. Un dësem ass et elo ze decidéiere wéi et weidergeet, also op Leit ugekloot ginn, respektiv op d’Affär klasséiert gëtt.